Sou en trauregt Neijoerschdag gouf et zanter Joerzéngten net méi a China: Zanter dem 31. Dezember hunn op d'mannst 26 Mënschen de Virus net iwwerlieft.

De chineseschen Autoritéiten no goufe bis ewell iwwer 800 Fäll vun infizéierte Leit confirméiert, bei déi nach emol eng 1.000 Verdachtsfäll kommen. Fir eng Pandemie ze verhënneren, ginn ëmmer méi Stied isoléiert. 13 Metropolen an iwwer 43 Millioune Mënsche si betraff. Bus-, Zuch-, Fär- a Fluchverbindunge goufe gestoppt a Stroosse gespaart. Esouguer en Deel vun der Chinesescher Mauer gouf zou gemaach, grad wéi d'Disneyland Shanghai. Op ville Plaze goufen fir e Samschdeg d'Festivitéite vum Chineseschen Neijoerschdag ofgesot. Eng Zäit, wärend där d'Chinese queesch duerch d'Land bei d'Famillje reesen.

D'Weltgesondheetsorganisatioun huet no enger Krisesëtzung den internationalen Noutstand nach net wéinst dem Coronavirus ausgeruff.

Op jidder Fall ass a China d'Suerg grouss. Wuhan, wou d'Epidemie ausgebrach ass, gläicht enger Geeschterstad. Hei gëtt den Ament extra eng nei Klinik gebaut... Biller, déi fir sech schwätzen. Fir sech ëm betraffe Patienten ze këmmeren, soll bannent enger Woch e prefabrizéiert Gebai mat 1.000 Better aus dem Buedem schéissen. En änleche Projet gouf et 2003 scho bei Peking. Deemools am Kader vum SRAS-Virus.

Mir maachen de Point mam Dr Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, iwwert dat, wat ee bis elo iwwert de Coronavirus weess.

De Gesondheetssystem ass prett am Fall wou den chinesesche Coronavirus et géif bis op Lëtzebuerg packen. Dat huet de Gesondheetsministère en Donneschdeg an engem Communiqué matgedeelt. Zu Lëtzebuerger wieren d'Spideeler prett, fir de Fall datt een Patient mam Wuhan-Féiwer erakënnt, och Doktere géifen e Freideg nach gebrieft ginn, fir de Fall datt esou ee Patient bei hinnen duerch d'Dier kënnt.

RTL: Wat huet de Coronavirus méi ewéi aner Viren, déi am Ëmlaf sinn?

Dr. Schmit: Et ass eng Famill vu Viren, déi relativ heefeg ass. Se zirkuléieren am Fong souwisou schonn op der ganzer Welt. Et ginn awer verschidde Varianten. Déi heefegste verursaache just e klenge Schnapp oder eng Erkältung, déi gréisstendeels harmlos sinn. Heiansdo taucht dann eng Variant op, déi e bësse méi seriö a geféierlech ass an déi da richteg Longeninfektioune verursaachen an och Potential kënnen déidlech ausgoen.

RTL: Wéi fonctionéiert d'Transmissioun vum Virus?

Dr. Schmit: Genau wësse mer et an dësem Fall nach net. Mir huelen un, datt et eng Transmissioun Respiratoire ass. Da sinn et natierlech Leit, déi houschten an néitsen, déi de Virus verbreeden. Mä genee ass et an dësem Fall nach net gekläert.

RTL: Den Ament observéiert een en niddrege Prozentsaz u Stierffäll beim Virus. Ënner 5%. Gëtt sech do en méi héijen Taux erwaart?

Dr. Schmit: Den Ament gesäit et net dono aus. Mir sinn dem Ament ganz am Ufank vun enger Epidemie. Vill Froe stinn op an et weess een net genee, wéi et weidergeet. E Virus ka sech ëmmer genetesch veränneren, mutéieren, an deen Ament kéint en och méi geféierlech ginn.

RTL: Chinesesch Autoritéite fäerten, datt de Virus effektiv kéint mutéieren. Wat heescht dat konkret?

Dr. Schmit: Mutéieren heescht, datt de Virus sech ka genetesch veränneren an dann och nei Capacitéiten a Proprietéite schafen. Zum Beispill kéint e méi geféierlech an déidlech ginn. Dat ass déi eng Méiglechkeet. Déi aner ass, an datt gëtt am meeschte gefaart, datt déi Transmissioun vu Mënsch zu Mënsch, déi den Ament relativ limitéiert ass, datt déi vill besser kéint funktionéieren. Dat de Virus sech esou besser un de Mënsch adaptéiert.

RTL: Muss Lëtzebuerg de Coronavirus fäerten?

Dr. Schmit: Et muss een ëmmer virsiichteg sinn. Bei esou Ausbréch weess een ni ewéi sech esou eppes entwéckelt. Den Ament ass de Risk natierlech extrem kleng, datt hei zu Lëtzebuerg eppes geschitt. Et kann een natierlech net ausschléissen, datt eng Persoun eng Kéier de Virus op Lëtzebuerg bréngt. Mir sinn awer do am gaangen, eis ze preparéieren an hunn do zanter Joren en Noutfall-Plang. Mir mussen awer och capabel sinn, de Virus ze detektéieren, wann en op Lëtzebuerg kënnt an do schaffe mer mam Laboratoire National de Santé zesummen. Déi sinn och dobäi, den Test opzesetzen. Wann et e Verdacht zu Lëtzebuerg gëtt, gëtt de Patient am Service National des Maladies Infectieuses am CHL gefouert. Hei gëtt et och en Isolatiounszëmmer, fir esou Patienten ze behandelen.

RTL: Op ville groussen internationale Fluchhäfen uechter d'Welt kënnt et verstäerkt zu Temperatur-Kontrolle bei de Passagéier. Ginn et do Initiativen um Findel?

Dr. Schmit: Et ass den Ament net néideg. Mir hu keng direkt Verbindunge mat China ausser dem Cargo-Transport. Personal-Transport hu mer net. Do hänke mer ëmmer vun aneren, méi groussen, internationale Fluchhäfen of, wou d'Leit fir d'éischt hikommen an och do getest ginn. Et ass jo elo och esou, datt déi chinesesch Autoritéiten e Groussdeel vun den internationale Vollen ofgesot huet.

RTL: Wéi gëtt de Virus traitéiert?

Dr. Schmit: Den Ament gëtt et kee spezifeschen Traitement. Et traitéiert een d'Symptomer, wa Leit schwéier Otemproblemer oder eng Longenentzündung hunn. Et ginn awer Argumenter ze soen, datt de Virus géif op verschidde Medikamenter uspriechen, déi fréier am Kontext vun der SARS-Epidemie benotzt goufen. Do ginn den Ament och Tester gemaach, ob déi Medikamenter kéinten nëtzlech sinn.