
Dëst sollt awer net déi eenzeg Plaz sinn, wou Parollen a Geschmiers hannerlooss goufen: beschiedegt goufen och Fassade vu Privat- a Firmen-Haiser a Bushaiserchern ënnert anerem ee Gebai an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg, eng Bushaltestell op der "Place de Nancy" an op der "Place de France", ee Méifamilljenhaus an der Rue Marie-Adelaïde, ee Gebai an der Rue de Bouillon, ee Privathaus an der Rue de Hollerich an ee Schoulgebai an der Rue de l'Acierie zu Hollerech.
An alle Fäll vu Vandalissem gouf eng Plainte gemaach.
Schonn en Dënschdeg war d'Spueresécherung vun der Police bei e Buttek an der Uewerstad geruff ginn, well hir Fassad beschiedegt gouf. Den Dag drop waren dunn och d'Vitrinne mat Parole vollgesprayt.
D'Police aus der Uewerstad freet no wichtegen Zeien (Tel: 244 21 1000).
Am Laf vum Mëttwoch goufen d'Fënstere vun deene verschiddene Gebaier an och d'Bushaisercher gebotzt, sou datt do näischt méi vum Vandalismus ze gesinn ass.