Renaturéierung, Revaloriséierung, neie Look: "Um Enn vill méi schéin ewéi elo!"

Bis den 1. Mäerz dierf d'Gréngs ewechgemaach ginn. Elo emol 116 Beem, déi zum gréissten Deel ersat ginn, esou déi Responsabel am Ëmweltministère.
An der Péitruss geet et lass mat der Renaturéierung! D'Stad Lëtzebuerg an den Ëmweltministère haten d'Press dësen Donneschdeg an de Dall invitéiert, fir déi éischt Phas vun den Aarbechte virzestellen. Aarbechten, déi elo emol eng 600 Schaffdeeg sollen daueren, an déi déi gréng Long vun der Haaptstad solle méi schéin, mä och prett fir d'Gaardenausstellung Luga maachen.
Déi ass am Fréijoer 23 a fir déi Geleeënheet wëll een aus dem Dall engersäits en neie Park mat Fräizäitaktivitéiten zauberen, mä och d'Waasser fräi a Richtung Uelzecht lafen loossen. 116 Beem géifen elo viru Mäerz verschwannen, am Ganzen wäerten iwwer 160 Stéck dem Waasser Plaz maachen.
Carole Dieschbourg:"86 [Beem] fir d'Renaturéierung, en Deel fir de Park an och aus Gesondheetsgrënn. Et ginn der awer erëm 134 ugeplanzt, keng Kleng, mä Mëttelgrousser. D'Natur kann sech dee Raum erëm zeréckhuelen."
600 Schaffdeeg géif ee brauchen, fir deen éischten Deel vun der Renaturéierung, déi op alle Fall bis d'Luga, d'Lëtzebuerger Gaardenausstellung, soll fäerdeg sinn.
Lydie Polfer:"An deenen nächsten 3 Joer gëtt hei vill geschafft. Et kommen eng Rei Saachen ewech. Et gëtt e Chantier, dat ass net schéin. Et gëtt Kaméidi a Knascht, mä dono ass et méi schéin a méi natierlech."
Lass geet et am Gronn an da schafft ee sech erop bis bei d'Nei Bréck. Esou ass et geplangt. Bis dohinner dierft och d'Kanalisatioun just nach richteg Uschlëss opweises hunn.