Am Beräich vun der Télémedezin, also der Medezin op Distanz, ginn zu Lëtzebuerg éischt Schrëtt gemaach.

Et hei geet awer net drëms, medezinesch Consultatiounen duerch eng Videokonferenz tëscht Patient an Dokter z'ersetzen, mä ëm "Télésurveillance". D'Iwwerwaachung vu chronesch kranke Patienten. Den CHL huet am Dezember e Pilotprojet mat 10 Patiente mat Häerzinsuffizienz lancéiert.

Dagdeeglech moosst d'Françoise Lenoir hire Bluttdrock an de Bols, klëmmt op d'Wo an iwwerwaacht, ob hir Been net opgelaf sinn. Zanter zwee Méint gëtt d'Fra, déi zanter Joren un enger Häerzinsuffizienz leit, dës Donnéeën all Moien ëm déi selwecht Zäit an eng speziell Applikatioun an, op déi d'Häerzstatioun am CHL Zougrëff huet. Komplizéiert wier dat net.

Françoise Lenoir – Patientin mat chronescher Häerzinsuffizienz: "Non, je suis allée à la clinique. On a chargé l'application ensemble, rentré les mots de passe, l'identification a été faite et après ça, ça se déroule tout seul."

Am Spidol ginn der Patientin hir Gesondheetsdaten dagdeeglech ëm eng gewëssen Zäit iwwerpréift. An dësem Fall ass de Bluttdrock ze déif, de System weist eng sougenannt "alerte rouge" un. Hei ass Aktioun gefrot, de Patient kritt ugeruff, fir sécher ze goen, ob beim Encodage kee Feeler ënnerlaf ass. Confirméiert de Patient de kritesche Wäert, gëtt den Dokter alarméiert.

Fabrice Perrot – Chef vum Projet Télésurveillance: "Nos patients sont des patients plutôt fragiles qu'il faut surveiller de manière rapprochée. Donc là, on a une surveillance quotidienne. Ça nous permet d'anticiper des éventuelles complications: rétention d'eau, hypertension artérielle, essoufflements, et de pouvoir éventuellement régler les problèmes avant de devoir les hospitaliser." Limite ginn et allerdéngs bei de Patienten: net jiddereen ass am Stand, seng gesondheetlech Daten z'iwwerpréiwen a se an de System anzeginn. Medezinesch Télésurveillance ass also just mat verschiddene Patiente méiglech. Bei deenen huet sech am Pilotprojet awer schonn e weidere positiven Impakt gewisen.

Fabrice Perrot: "On voit nous de notre côté qu'ils sont beaucoup plus assidus pour prendre leurs traitements, pour surveiller leur poids. Donc vraiment pour le moment que du postiv."

Zanter leschter Woch gëtt d'Télésurveillance am CHL och bei 40 Patiente getest, déi Bluttverdënnungsmëttel huelen. Spéider kéinten och Leit mat Longeproblemer, Diabetis oder beispillsweis Parkinson op dës Manéier iwwerwaacht ginn, esou den Direkter vum Spidol. D'Entwécklung vun der Télémedezin wär eng vun de prioritäre Strategie vum CHL, dofir hätt een dës Pilotprojeten elo och selwer finanzéiert. Op Dauer misst d'Gesondheetskeess awer och mathëllefen.

Dr Romain Nati – Direkter vum CHL: "Wann dat elo méi wäit fortgeschratt ass, wäerte mer natierlech drop drängen, datt de finanzielle Kader och adaptéiert gëtt. Mä et däerf een net vergiessen, wann een dat nohalteg kuckt, wäert doduerch de System besser ginn awer net forcement méi deier."

D'Françoise Lenoir fir hiren Deel fënnt, datt si duerch d'Télésurveillance däitlech u Liewensqualitéit gewonnen hätt:
"Avec l'application, maintenant je me sens vraiment bien en sécurité. A tel point que j'ai réservé pour partir en vacances - si le corona virus le permet, bien sûr - parce que j'ai pas peur. Je sais que je serai suivi, je sais que j'ai le wifi et l'internet à l'hotel. Donc mon application va fontionner et je vais envoyer les données tous les jours."