Wann e Betrib net méi funktionéiert, muss een ëmstellen, dat war de Motto vun der Distillerie Difrulux, der gréisster Brennerei hei am Land.

De Kaf vun Drëppen a Likören ass an dësen Zäiten drastesch Bach of gaangen an d'Personal sollt net méi schaffe kommen. Dëst huet de Patron vum Betrib dozou bruecht eng Noutsituatioun zu engem Besoin ze maachen. “A wat brauch ons Gesellschaft den Ament méi, wéi “Desinfektiounsmëttel?”?”

Wéinst de villen Hamster Keef ass dëse Produit rar ginn an d'Brennerei huet sech gesot: “Da musse mir es ebe produzéieren”. A kuerzer Zäit huet dëse Betrib dausende vu Liter Désinfectant produzéiert an ausgedeelt, un Apdikten, Altersheemer oder Gemengen. En ass net fir de Privat Verkaf bestëmmt, a gëtt och nëmmen un déi verkaf, déi den Ament weider mussen am Déngscht vun der Gesellschaft funktionéieren.