D’Jill Kries ass zu Gilsdref an d’Primärschoul gaangen. Duerno goung et op Dikrech an de Lycée, wou déi jonk Fra hir Première op enger “E"-Sektioun (Konscht) gemaach huet. Engleschproff hätt d’Jill interesséiert. Schlussendlech gouf du Psycho zu Bréissel studéiert, e Master an der Neuropsychologie koum dobäi eraus. “Do léiert ee wéi neurologesch Krankheetsbiller kognitiv Impakter kënnen hunn. Kënne Leit nach Decisiounen huelen? Kënne si Impulser ënnerdrécken”? Dëst erkläert mir d’Jill Kries am Interview. “D’Sprooch ass och eng kognitiv Fakultéit. Dofir hunn ech meng Master-Thees an der Sprooch gemaach”. Patiente mat enger Aphasie a wéi d’Sprooch am Gehier verschafft gëtt, interesséiert d’Lëtzebuergerin vu jonkem un.
Zanter 2 Joer lieft a schafft d’Jill Kries an den USA. Zu San Francisco wunnt déi jonk Fra. Geschafft gëtt zu Stanford op der Universitéit. Op dësem Campus gëtt vill Recherche ronderëm d’Sprooch gemaach. “Mat menger Recherche wëll ech Patienten hëllefen. Aktuell schaffen ech mat Kanner déi Epilepsie hunn. Si kréien an der Klinik Elektrode fir klinesch Zwecker implantéiert. Dës Kanner ginn dann och gefrot, fir bei eiser Recherche matzemaachen. Dann hunn ech awer och nach aner Projeten, déi awer all ronderëm d’Sprooch am Gehier dréien”. Dëst erzielt mir d’Jill Kries am RTL Interview. Op der Uni schafft si mam Laura Williams zesummen.
Dëst erzielt mir d’Jill Kries mat engem grousse Grinsen am Gesitt. “Wat geschitt do am Gehier, dass dëst e Sënn ergëtt”? Dës Fro beschäftegt d’Jill quasi Dag a Nuecht. “Do si ganz vill Saachen am Gehier déi geschéien. D’Frequenze vun der Akustik gi verschafft. Duerno kategoriséiere mir si a Phoneemen, also Kläng vun der Sprooch. Duerno gi se zesummegesat a Silben, zesummegesat a Wierder, déi Sënn maachen, déi mir an eiser Sprooch geléiert hunn. Zum Schluss musse mir nach op d’Grammär vun eise Sätz oppassen”. Sou erkläert mir d’Jill Kries hier Aarbecht.
Vun der Lëtzebuergerin hirer Recherche no ass et d’Zil, de Leit eng méi séier Diagnostik-Method ze fannen. “Bei där d’Leit mat Aphasie, déi och soss kognitiv Probleemer hunn, net stonnelaang mussen Tester maachen. Mä wou se einfach mussen 10 - 20 Minutte laang en Hörbuch lauschteren a gläichzäiteg hir Gehieraktivitéite mat EEG Elektrode gemooss ginn”. Dorausser kéint een da schléissen, wei eng Deeler vun der Sprooch méi en Impakt bei engem Hiereschlag haten.
D’Jill Kries ass vun hirer néier Heemecht begeeschtert. “San Francisco ass eng mega flott Stad. An 20 Minutten ass een op deenen eenzele Plaze fir “hiken” ze goen. An der Stad kann een och gutt erausgoen. Et si ganz vill jonk Leit hei. Et ass eng ganz dynamesch Stad”. Dëst erzielt mir déi jonk Fra. Vum Alldag ofschalte kann d’Jill am beschten andeems si Sport dreift. Lafen a Vëlo fuere stinn um Programm.
Eemol d’Woch telefonéiert d’Jill Kries mat hiren Elteren, Bridder a Kolleegen zu Lëtzebuerg. Zweemol am Joer kënnt Si zréck op Besuch an de Grand-Duché. Zu Stanford leeft de Kontrakt an zwee Joer aus. Duerno kéim d’Jill gären zréck op Lëtzebuerg. An der Recherche wéilt Si gäre weider schaffen. D’Uni um Belval wär do ideal.
Den 23. Oktober dëst Joer huet d’Jill Kries e Präis vum FNR kritt. Dëst als Unerkennung fir hir Dokteraarbecht iwwer den Traitement vun der Sprooch am Gehier bei eelere Leit a Mënsche mat engem Hiereschlag.