D'Gemengen hu séier koherent a solidaresch op d'Corona-Kris reagéiert
© RTL Archivbild
Déi néideg Zerwisser an de Gemenge sinn assuréiert. Och wann d'Kommunikatioun mat de Bierger iwwer Telefon oder Internet, an net méi an der Märei geschitt.
Dat sot de President vum Gemengesyndikat Syvicol, den Emile Eicher, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
Fir sech ënnerteneen ofzeschwätzen, gouf och e WhatsApp-Grupp vun de Buergermeeschteren opgemaach. Och mat der Regierung, dem Interieur, wier den Austausch gutt.
Et ass awer eng Course géint d'Zäit. An e grousse Problem, deen een net dierft ënnerschätzen, ass de psychologeschen Aspekt. Sief et bei Leit, déi ganz eleng sinn oder awer, well d'Mënschen Angscht hunn, sou nach den Emile Eicher vum Syvicol.