E Mëttwoch den Owend hunn de Pierre Gramegna, de Franz Fayot an de Lex Delles d'Detailer vum Stabiliséierungspak bekannt gemaach.

Stabiliséierungspak virgestallt / De Resumé vum Fanny Kinsch

8,8 Milliarden Euro: esou héich ass d’Enveloppe, déi de Staat virgesäit, fir d’Land an d’Wirtschaft duerch d’Kris ze kréien. Mam Mesurëpak, deen ausgeschafft gouf, dierft een d’Entreprisë fit halen, war et d’Ausso e Mëttwoch den Owend vum Finanzminister Pierre Gramegna.

Fir de Chômage partiel stinn iwwert déi nächst 2 Méint 1 Milliard Euro zur Verfügung. Fir de Congé pour raisons familiales sinn et 400 Milliounen Euro.

Wat de Chômage partiel ugeet, ass et d’Instrument per excellence, fir datt d’Entreprisen hir Salariéë kënnen halen, esou de Wirtschaftsminister Franz Fayot. Et ass déi wichtegste Mesure, well se de Leit eng Pai garantéiert. Deemnächst gëtt och een neien Outil operationell. Bis elo war et esou, datt d’Betriber d’Suen hu misste virstrecken, elo kënnen awer Avancen ausbezuelt ginn. Et wëll een op eng onbürokratesch Manéier hëllefen, sot de Franz Fayot.

Deemno wéi mussen nieft dësem Stabiliséierungspak weider Mesurë geholl ginn. Dat misst een zu engem spéideren Zäitpunkt gesinn.

Hëllefe fir Independanten a Klengbetriber

Da gëtt et och nach eng Indemnité d’urgence certifiée. Déi soll de ganz klenge Betriber hëllefen, déi zanter dem 18. Mäerz hir Dieren hu missten zoumaachen. Déi kréie 5.000 Euro, wa se verschidde Konditiounen erfëllen: maximal 9 Mataarbechter hunn a minimum 15.000 Ëmsaz am Joer maachen. Detailer dozou ginn et op Guichet.lu. Déi Hëllefe mussen och net zeréckbezuelt ginn a si steierfräi, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles. Hei ass eng Enveloppe vu 50 Milliounen Euro virgesinn.

Hëllef fir Mëttel- a Groussbetriber

Fir mëttel a grouss Betriber ze hëllefen, gouf e Projet de Loi ausgeschafft. Déi nächst Woch soll d'Minimis-Gesetz an der Chamber gestëmmt ginn. Dëst gesäit 300 Milliounen Euro vir. Pro Entreprise kann ee maximal 500.000 Euro kréien an dës mussen no 12 Méint zeréckbezuelt ginn.

Da goufen och eng Rei "Delaier de Paiement" virgesinn, bei den direkten an indirekte Steieren. Déi sozial Cotisatioune fir dat éischt an zweet Trimester kënne reportéiert ginn.

Donieft gesäit ee Projet de Loi vir, datt de Staat Kreditter vun den Entreprisë ka garantéieren. Dat gëllt vun elo u bis zum Schluss vum Joer. Hei ass ee Montant vun 2,5 Milliarden Euro virgesinn. 6 Banke wäerten den Entreprisen ee Moratoire ubidden, zum Beispill op den Zënsen.

Appell u Proprietären

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet och een Appell un d'Proprietäre gemaach, elo solidaresch ze sinn, a sech iwwert d'Astellung vun der Union des propriétaires, déi dëser Deeg nach hire Membere vum Noloosse vun de Loyeren ofgeroden hat, gewonnert.

"Eng Entreprise, déi sech elo e Loyer net ka leeschten, en awer muss bezuelen, dofir muer Faillite ass, bis dat alles ofgewéckelt ass, wäerten 3, 4, 5 Méint laang kee Loyer kënne bezuelt ginn. Dofir mengen ech den Appell nach eng Kéier ganz wichteg hei z'ënnersträichen tëschent dem Proprietär an dem Locataire zesummen ze kucken, op ee kann de Loyer temporär aussetzen, op een e ka verréckelen oder wat och ëmmer ee kann als Arrangement fannen. Op där enger Säit aus Solidaritéit, an op där anerer Säit och nëmmen eng Käschterechnung."

Och d'Ministere Gramegna a Fayot hunn d'Astellung vun der Union des propriétaires bedauert.

Impakt op d'Steierreform

Wéi een Impakt wäert déi aktuell sanitär Kris op déi grouss Steierreform hunn, déi 2021 sollt kommen? Et géif op alle Fall nach dorobber weidergeschafft ginn, esou de Finanzminister Pierre Gramegna, et kéint een elo awer nach net soen, wéini se géif ëmgesat ginn. "Eis Steierreform ass jo och haaptsächlech eng Qualitéitsreform, wou mer jo wëllen d'Individualiséierung aféieren an eng Modernisatioun vun eisem fiskalesche System maachen. Mir haten och wëlles, do Erliichterunge mat anzebauen. Dat muss een da kucken, wann d'Kris bis eriwwer ass, a wéi fern een dat alles ka maachen, mee ech kann iech soen: mir schaffen op der Steierreform weider."

Déi aktuell sanitär Kris géif ganz kloer weisen, datt d'Verlagerung vu vitale Produktioune baussent Europa eng Vulnerabilitéit géif duerstellen. Dat sot sengersäits de Wirtschaftsminister Franz Fayot an domat misst ee sech no der Kris och nach beschäftegen.

Éischt Reaktioune vum Patronat

"Mir si fäeg, an den nächste Wochen, Méint, villäicht och Joren eis Wirtschaft z'ënnerstëtzen, ze stäerken, ze relancéieren", sou de Premier e Mëttwoch de Mëtteg. Kascht et, wat et kascht. De Finanzminister Pierre Gramegna huet den Detail bekannt ginn: 8,8 Milliarden Euro un Hëllefen, Reporten a Garantien. Ass dat de Message, deen d'Patronat sech vun der Regierung erwaart huet?

Liquiditéit, fir Fournisseuren ze bezuelen, fir Paien, Loyer. Ginn déi aktuell Mesurë wäit genuch fir deene klengen a mëttlere Betriber de Réck ze stäipen? Ouni déi ganz Kleng ze vergiessen?

Déi verschidden Ufroe sollen onkomplizéiert traitéiert ginn, fir datt et net zu Delaie kënnt. Een duerch Bürokratie bedéngte Blockage soll evitéiert ginn.

D'Banken, déi Prêten an Zënse bis Enn vum Joer op Äis leen, Garantië stellen, ass dat de richtege Message? Nieft der Gesondheet missten och d'Aarbechtsplazen an d'Wirtschaft stabiliséiert ginn, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot.