
De Conseil d'administration vum Nationale Gesondheetslaboratoire huet den Dokter Thomas Dentzer zum neien Direkter vum LNS ernannt. Dat deelt den LNS an engem Schreiwes mat.
Den Thomas Dentzer huet Biologie zu Karlsruhe a Freiburg studéiert an huet och en Doktorat an der Virologie op der Rockefeller-Universitéit zu New York gemaach. Hie kuckt op e laange beruffleche Parcours hei am Land zeréck. Hien huet ënner anerem am Nationale Santés-Institut, bei Luxinnovation a bei der Direction de la Santé geschafft. Hien trëtt de Posten als Direkter op de 15. Mee un.
Wärend der Pandemie war hie responsabel fir déi national Dépistage-Strategie.
2023 war hie bei den LNS gewiesselt a gouf Operatiouns-Direkter. Hien hat an de leschte Méint den Interim un der Spëtzt vum Laboratoire gemaach, dat nodeems den Dr. Stéphane Gidenne am Februar no engem knappe Joer als LNS-Direkter zeréckgetruede war.
Den LNS hat an de leschte Jore mat laangen Delaien, interne Streidereien an enger ganzer Serie un Demissiounen op sech opmierksam gemaach.