180 Millioune méi deier wéi ursprénglech geplangt

Lëtzebuerg kritt am Kader vum NAOS-Weltall-Observatiouns-Programm vun der NATO, en deiere Militärsatellit - e ganz deieren.
Am Summer 2018 gouf den entspriechende Gesetzprojet ënnert dem deemolegen Defense-Minister Etienne Schneider ugeholl. Elo – knapp 2 Joer duerno - soll d'Chamber den Accord ginn, fir déi ursprénglech Zomme ze verduebelen. D'Regierung huet den Deputéierten an der Budgetskontrollkommissioun e Méindeg de Mëtteg éischt Erklärunge ginn.
Vun 170 op 350 Milliounen Euro sollen d'Käschte vum Militärsatellit an d'Luucht goen an dat, well eng italienesch Societéit vu falschen Hypotheesen ausgaangen ass, wéi se hir Pre-Etüd gemaach huet, erkläert d'Presidentin vun der Budgetskontrollkommissioun Diane Adehm:
„Se hunn notamment eng vun den Hypotheese geholl, dass déi Antennen, fir kënnen d'Biller vum Satellit erofzelueden an auszewäerten, dass déi op Dikrech op den Härebierg kéinte gestallt ginn. Dat ass awer net de Fall. Dunn hu se misse feststellen, dass dat technesch net geet. Déi Antenne mussen elo op Redu gestallt ginn. Déi zweet Saach, déi si festgestallt hunn, dat ass, dass eis Arméi wierklech net d'Capacitéiten huet, fir sou een Satellit z'exploitéieren. Wou de François Bausch de Mëtteg riicht eraus gesot huet, wann een d'Lëtzebuerger Arméi e bësse kënnt, da weess een, dass si zwar ganz vill och an der Observatioun maachen, mä et weess een och, dass si net d'Capacitéiten hunn, fir esou een Satellit, d'Biller erofzelueden an z'exploitéieren."
D'Regierung freet d'Chamber ëm dës verduebelt Zomm, fir datt de Projet realisabel ass. Am Exposé des motifs heescht et, datt zejoert z.B. nach domat gerechent gi wier, fir d'Antennen an d'Gestiounssystemer vum Satellit um Härebierg zu Dikrech z'installéieren, mä dëst wier net ze realiséieren - duerfir misst d'Gestioun an d'Maintenance op Redu an d'Belsch out-gesourced ginn. D'Maintenance gëtt z.B. op 10 Joer gerechent a kascht ronn 30 Milliounen Euro, d'Locatioun vun de Lokalitéiten zu Redu soll 50 Milliounen Euro kaschten.
De Gesetzprojet fir dëse Satellit gouf am Mäerz 2018 deposéiert, d'Pre-Etüd dofir wär awer eréischt am Mee ofgeschloss ginn. Dat wär nawell speziell fënnt d'CSV-Deputéiert.
„Dat heescht, de Minister Etienne Schneider huet schonn e Projet de loi deposéiert, ouni dass hien iwwerhaapt eng Pre-Etüd hat, fir dat do fäerdeg ze maachen. Wou ee jo och seet 'wat soll dat doten?. Firwat muss dat doten op eemol esou séier duerch d'Chamber goen?' A wou och den Minister Bausch eis de Mëtteg gesot huet, dass keen an der Defense him erkläre konnt, wat d'Urgence vum Projet wär, firwat dass dat do coûte que coûte nach onbedéngt huet missen am Fréijoer 2018 duerch d'Chamber gedréckt ginn".
Et gëtt awer nach méi bizare.
„Do ass dann eng italienesch Societéit déi di Pre-Etüd mécht an déi leeft dann drop eraus, dass soll een Marché gemaach gi mat engem Appel d'offres. An dann déi selwecht italienesch Societéit, déi den Appel d'offre ausgeschafft huet, déi mellt sech selwer a kritt dann de Marché attribuéiert. An du soten si eis de Mëtteg an der Kommissioun, esouwuel de Minister wéi och d'Leit vun der Defense, dass si de Marché kritt hunn, well se am Bëllegste waren."
Do géingen sech nach eng ganz Rei Froe stellen. Notamment, wéi een iwwerhaapt un dës Societéit komm wär a firwat een dës geholl hätt an net eng aner, sou nach d'CSV-Deputéiert Diane Adehm. Den neien Defenseminister François Bausch hätt och an der Kommissioun net dorop äntwere kënne. Hien hätt den Dossier just geierft. Nächst Etapp fir dëse Gesetzprojet ass dann déi zoustänneg Defense-Chamberkomissioun.
Ugangs zejoert war ewell de GouvSat-Satellit vum Cape Canaveral aus lancéiert ginn, deen op enger Héicht vun 36.000 Kilometer op Orbit gesat gi war. Dëse Satellit huet esouwuel zivil, wéi militäresch Frequenzen.