Letzshop boomtFir vill Butteker elo déi eenzeg Méiglechkeet, hir Produiten ze verkafen

Monica Camposeo
Schonn iwwer zwou Woche si Butteker, déi net fir d’Liewensmëttelversuergung do sinn, hei am Land wéinst dem Coronavirus zou.

Dobäi gëllt jo weiderhinn d’Consigne „bleift doheem“. Ma do bitt et sech natierlech un, op den Online-Shopping zeréck ze gräifen. An dat geet net just op de groussen US-amerikanesche Sitten. Letzshop regroupéiert lëtzebuergesch Butteker an erméiglecht et esou, och an Zäite vu Corona, lokal ze shoppen. D’Monica Camposeo huet nogefrot, wéi de Site an dëser dach aussergewéinlecher Situatioun funktionéiert.

Letzshop boomt / De Reportage vum Monica Camposoe

Zanter annerhallwem Joer gëtt et de Site letzshop.lu schonn. Ma elo wier d’Demande awer natierlech besonnesch héich, huet de Jerry Klein, Responsabel vum Projet festgestallt.

"Mir hunn d’Venten aktuell ëm e Wäert vun 10 bis 30 Mol erhéicht. Dat heescht all eenzelt Geschäft, dat bei eis matmécht, huet eben d’Chance, fir seng Produiten ze verkafen. An déi Geschäfter, déi bei eis present sinn an dat och no baussen kommunizéieren, maachen elo och verstäerkt Venten effektiv."

D’Plattform kéim awer gutt no. D’Erausfuerderung géing éischter doranner bestoen, déi nei Demanden vun de Butteker, déi elo och op letzshop wëlle present sinn, ze traitéieren. Normalerweis bezilt all Geschäft fir de Service vu letzshop 500 Euro d’Joer. Ma dat gouf awer elo geännert:

"Sou dass mer eben elo an dëser Krisenzäit vum Minister d’Decisioun kruten, an Zesummenaarbecht mam Dan Biancalana, wat eisen President vum GIE, dass d’Beiträg elo faale geloss ginn fir d’Joer 2020. Fir et de Geschäftsleit éischtens mol méi einfach ze maachen bei eis ze kommen an fir et deene Geschäfter, déi bei eis sinn, méi einfach ze maachen, dës schwéier Zäiten ze iwwerstoen.

Den Ament fënnt een op der Plattform eng 290 Geschäfter, vu Miwwelen, iwwer Bicher, bis bei d’Liewensmëttel. Mä wat lant dann an dëser Krisen-Zäit am virtuelle Caddie?

"Mir mierken, dass d’Leit elo zum Beispill Loscht hunn am Gaart ze schaffen. Also et ginn Héichdrockreiniger kaf a Rindenmulch. Wat awer och interessant ass, ass, dass mir elo nei Geschäfter online geholl hunn, déi Liewensmëttel verkafen, zum Beispill Schockela oder Kéis. An déi verkafen vum éischten Dag, wou si bei eis online sinn, hir Produkter, wat normalerweis e puer Wochen dauert, bis d’Leit mol gemierkt hunn, dass déi Geschäfter op letzshop drop sinn. Dat ass elo immens beschleunegt."

Normalerweis ass den virtuelle Verkaf nëmmen en Zousaz zum Verkaf am Buttek, ma den Ament ass den Online-Shopping fir déi lokal Butteker déi eenzeg Méiglechkeet hir Produiten unzebidden, bis si hir Dieren nees opmaachen kënnen.

Positive Bilan fir corona.letzshop.lu

Nieft der Plattform letzshop, gouf extra wéinst der sanitärer Krise och eng separat Säit an d’Liewe geruff. Corona.letzshop.lu ass exklusiv fir déi vulnerabel Leit do, déi den Ament net sollen akafe goen. Zwou Wochen ass dëse Service elo en Place an den éischte Bilan ass positiv, seet de Jerry Klein, Responsabel vu letzshop.

Jerry Klein, Extrait 1

"Déi éischt zwee Deeg, wou et annoncéiert war, hate mer en absolutte Run op de System, wat och dozou gefouert huet, dass d’Logistik hannendrun, déi jo ganz frësch war an nach guer keng Erfarung hat, liicht iwwerfuerdert war. Lo huet sech dat Ganzt schonn e bëssen stabiliséiert. Sou dass mir scho bal routinéiert gi sinn. Jidderee weess, wat ze maachen ass, jiddereen weess och elo wéi eng Quantitéit vu Bestellungen ongeféier pro Dag erakommen. A mir hu parallel och eng Hotline an d’Liewe geruff, fir déi Leit, déi keen Accès zum Internet hunn. Vulnerabel Leit si ganz dacks Leit, déi schonn am Alter sinn, déi net onbedéngt mat den neien Technologien all Dag an an aus ginn. Déi kënnen dann eis Hotline 8002 9292 uruffen, wou da Leit sëtzen, déi d’Bestellung fir si online maachen. Dat muss och net online bezuelt ginn, mä si kréien duerno vun eisem System automatesch eng Rechnung geschéckt."

An deenen éischten Deeg sinn eng 400 bis 500 Bestellunge pro Dag erakomm, ma elo hätte sech d’Commanden awer op 150 bis 200 den Dag agependelt. D’Liwwerung wier den Ament bei engem bis zwee Deeg. Op corona.letzshop.lu ginn "Biens de première nécessité" ugebueden. An dass op der Säit keng Marken ugewisen ginn, huet och eng einfach Erklärung:

Jerry Klein, Extrait 2

"Mir si bei vill verschidde Fournisseure gaangen, fir déi nämmlecht Produiten ze bestellen. Dat heescht haut kann de Fournisseur A den Thon liwweren, muer dann den Fournisseur B. Dat sinn dann zwou verschidde Marken. An dofir hu mer eben decidéiert, dass mer guer keng Mark weisen. Mir maachen och keng Reklamm fir iergendeen. De Präis, deen een online gesäit, ass e Präis, dee mir iwwer d’Moyenne gerechent hunn, ëmmer en Faveur vum Client, also ëmmer esou niddreg wéi méiglech. Dat heiten ass och keng Initiativ, fir dass iergndee Geld soll verdéngen. Sou, dass eigentlech de Client e Produit assuréiert kritt, mä ebe keng bestëmmte Mark ka wielen. Dat wier logistesch net ze geréieren an deenen heiten Zäiten. An eben och am Esprit vun dësem Projet net wierklech sënnvoll."

Wien zu der Risikogruppe gehéiert, kann also online ënner corona.letzshop.lu bestellen oder d‘Nummer 8002 9292 uruffen, fir d’Commande via Telefon ofzeginn.

Back to Top
CIM LOGO