Wéi een Impakt huet d'Corona-Kris op d'Coursen op d'Distanz?
De Premièresdiplom kréien, ouni d'Schoulbänk ze drécken: zanter 13 Joer ass dat duerch de sougenannten eBac méiglech.
Et ass eng Offer am Kader vun der Erwuessenebildung. D'Schülerinnen an d'Schüler, déi sech aschreiwen, ginn online op den Exame virbereet. Déi concernéiert Enseignanten erkläre sech elo bereet, hir Erfarungen ze deelen, am Kader vun der Kris an och duerno.
Zanter dem 13. Mäerz sinn d'Schoulen zou. D'Questionnairë vun de Premièresexame goufen ugepasst, well d'Primaner de ganze Programm net méi an der Klass studéiere konnten. Fir déi 16 Schülerinnen a Schüler, déi dëst Joer de Bac iwwer Internet maachen, wär eng Adaptatioun allerdéngs net néideg gewiescht.
Mike Dostert, e-Teacher:''Si kënnen am Fong geholl einfach de gesamte Programm esou duerchzéien ewéi dat virgesi war. Si kéinten den Examen esou schreiwen, ouni Adaptatiounen.''
Englesch, Däitsch, Franséisch an Eco. Pol. steet um Programm vun der Première G. D'Schüler hunn online Abléck an all d'Coursen. 2/3 vum eBac fannen exklusiv am Internet statt, fir de Rescht mussen d'Schüler physesch present sinn. Wärend der Kris ginn et online Konferenzen, entweder eleng mam Enseignant oder a Gruppen.
D'Offer riicht sech virop un Erwuessener, awer och u Schülerinnen a Schüler, déi nach en Ulaf woen fir et ze packen, an u Sportler oder Museker.
An 13 Joer hunn 100 sougenannt e-Learner de Premièresexame gepackt. Et hätt een eng Reussite vun 100 Prozent. Fir déi houfreg e-Teacheren de Beweis, dass d'Rechnung opgeet an dass méi an d'Online-Offer am Enseignement investéiert sollt ginn.
Mike Dostert:"Dës Kris ass fir kee schéin. A mir soen och net, dass een zu Lëtzebuerg just nëmmen e-Learning soll maachen. Mir erhoffen eis dovun awer definitiv och en Impuls fir den e-Learning insgesamt an natierlech och fir de Projet eBac. Mir sinn elo och bereet, déi Erfarung, déi mir iwwert déi ganz Jore gesammelt hunn, weiderzeginn.''
D'Technik an d'Programmer wäre guer net esou wichteg, seet de Mike Dostert. Essentiell wär – ewéi am normale Cours – d'Interaktioun tëscht Schüler an Proff. Den eBac ass en Nischeprodukt, mä déi Responsabel si vum Produit iwwerzeegt.
''Mir sinn e Grupp vun e puer verréckte Proffen a mir hunn eng Visioun vun enger Zort e-Schoul. Mir sinn och e bësse ronderëm gereest, zum Beispill an Dänemark, wou mir Modeller gesinn hu vu reellen e-Schoulen. Déi waren immens flott. Do muss een awer och realistesch sinn. Dat kritt een net zum Nulltarif.''
Allerdéngs huet den Educatiounsminister Claude Meisch jo och e positive Bilan gezu vum Cours op Distanz, elo gezwongenermoossen, duerch de Coronavirus.