Temoignage vu Seoul vum Dr. Marc Diederich"Ouni Mask net virun d'Dier, e Schutz fir déi aner a fir sech"

RTL Lëtzebuerg
Am Kampf géint de Coronavirus spillt Südkorea eng Virreiderroll.
Temoignage vu Seoul vum Dr. Marc Diederich
Am Kampf géint de Coronavirus spillt Südkorea eng Virreiderroll.

Dat asiatescht Land huet iwwer 51 Milliounen Awunner an test d'Populatioun massiv op de Virus, an awer, oder grad dowéinst, hu sech bis elo "nëmmen" eng 10.300 Persounen infizéiert. Bis haut goufen 192 Doudesfäll notéiert.

Interview mam Dr. Marc Diederich / Reportage Dany Rasqué

Den Dokter Marc Diederich, deen een zu Lëtzebuerg, mam Télévie an der Recherche géint de Kriibs verbënnt, ass den Ament an der südkoreanescher Haaptstad Seoul, hien ass do Professer op der Universitéit.

Eng Moossnam, déi a sengen Aen, extrem wichteg ass, fir de Coronavirus meeschter ze ginn, seet hien dem Dany Rasqué am RTL Interview, ass d'Droe vun engem Mask.

"Wann een elo den Ament kee Mondschutz huet, wie keng Mask unhuet, wier dat wierklech ganz grob onhéiflech."

Dat gëllt a Südkorea, wou d'Leit eng ganz grouss Toleranz vis-à-vis vun engem Mask hunn, esou wéi an aneren asiatesche Länner och.

Eleng wéinst der Loftverschmotzung si Masken do en Artikel, deen zum Alldag gehéiert. Ma sech de Mond an d'Nues ze bedecken, hëlleft net nëmme géint schlecht Loft, mä och géint de Coronavirus. Dat huet ënnert anerem eng rezent Publikatioun an der Fachzäitschrëft "Nature Medicine" nogewisen. Am Resumé heescht et doran, datt d'Spaut, deen een zum Beispill beim schwätze produzéiert, zimmlech effikass vu Maske blockéiert gëtt, esou datt manner Viren an der Loft sinn. Wann een eppes virum Mond an der Nues huet, schützt een an éischter Linn déi aner an domadder anengems sech selwer, seet den Dokter Marc Diederich.

"Et ass eigentlech esou, datt ee sech indirekt selwer schützt, doduerch dass d'Leit sech géigesäiteg schützen, ass ee schlussendlech ganz gutt protegéiert duerch déi Masken."

Eppes, wat esou gutt a Südkorea fonctionéiert, ka bei eis jo net schueden...och wann ee sech säi Mask selwer bastelt. Zu Seoul "ouni" ënnert d'Leit ze goen, kann de Marc Diederich sech net virstellen an dat d'selwecht leet hien de Leit hei bei eis un d'Häerz:

"Ech géif et wierklech menge Frënn a menger Famill an Europa recommandéieren, och eng Mask unzedinn. Dat kann och eng einfach Mask sinn. Ech géif et wierklech wichteg fannen, wa mer den Asiaten, déi elo definitiv ganz grousse Succès hunn an der Preventioun, och deen Aspekt géifen nomaachen, fir eis alleguerte géigesäiteg ze schützen."

Nach leeft a Südkorea alles vill méi lues wéi gewinnt an déi sozial Isolatioun ass och nach emol ëm zwou Wochen verlängert ginn, bis op d'mannst den 19. Abrëll. Déi Isolatioun ass allerdéngs manner strikt wéi an Europa.

Restriktiounen a Südkorea / Reportage vum Dany Rasqué

Dat gehéiert zu der Approche, déi d'Land huet. Zum Beispill dierfe Restauranten opmaachen:

"Et läit un de Restauranten d'Leit esou ze setzen, datt se ausernee sëtzen an zum Beispill och net vis-à-vis. Ech hunn och héieren, dass verschidden Discoen op si fir jonk Leit, mä trotzdeem sinn d'Instruktiounen esou, dass een "extreme social Distancing" am deegleche Liewe soll halen. Kléngt e bësse géigesätzlech an awer funktionéiert et eigentlech hei a Korea gutt".

Nieft der sozialer Distanz, gi Kranker isoléiert, et gëtt mat enger App um Handy iwwerwaacht, ob een d'Quarantän respektéiert an d'Disziplin vun de Leit dierft och e groussen Deel dozou bäigedroe hunn, datt d'Zuel vun den neien Infektioune relativ séier erofgaangen ass.

"D'Koreaner hale sech global un déi Instruktiounen. Vläicht net sou komplett, wéi een elo mengt, par konter ginn hei keng zéngdausende Protokoller verdeelt, wéi zu Paräis. Dat ass net onbedéngt néideg, et gëtt och net gemaach."

Natierlech gëtt een awer och a Südkorea bestrooft, wann ee sech net un d'Reegelen hält. Dat eent oder anert schwaarzt Schof gëtt et och do.

"Nach leschte Sonndeg an och dee Sonndeg virdrun, hu verschidde Sekten hir Déngschter ofgehalen. Deelweis mat ville Leit an do gëtt dann och duerchgegraff, dass déi Leit an déi Sekten Protokoller kréien."

Südkorea huet aus dem Mers-Virus viru 5 Joer geléiert, seet de Marc Diederich, aus de Feeler, déi deemools gemaach goufen. Hien hofft, datt Europa dat och mécht a bei der nächster Pandemie vill besser preparéiert ass. Dass mer dann déi Saachen stockéiert hunn, déi elo feelen. Déi nächst Epidemie kënnt nämlech garantéiert, warnt de Medezinner.

Back to Top
CIM LOGO