D'Lëtzebuerger Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) huet e Mëttwoch en neie Réckruff bekannt ginn. Deemno ginn déi brong Eeër vun der Mark "Econom" zeréckgeruff, dat vun Hénger aus Buedemhaltung, verpak a Kartonge vun 30, grad ewéi déi vun der Mark "Everyday", déi zu 12 verpak sinn.
Betraff sinn d'Produite mat dem Mindesthaltbarkeetsdatum vum 6. Mee 2026 bis 29. Mee 2026. Wéi d'ALVA schreift, besteet en "Niveau de vigilance orange", d'Leit sollen deemno virsiichteg sinn.
Weider Informatiounen zum Produit fannt Dir hei, wärend der Iech aner Réckriff hei ukucke kënnt.