
De Claude Meisch huet déi lescht Woche jo ëmmer nees betount, datt d’Ofschlossexame wéi geplangt de 25. Mee an de Gebaier ufänke géifen.
Fir d’Lycéesklassen ass et den 11. Mee an dann zwou Wochen drop (de 25. Mee) ginn d’Grondschoulen nees op. Net all d’Schüler an d’Schülerinnen zesummen, mä just d’Hallschent vun der Klass déi eng Woch an d’nächst Woch déi aner, fir d’Kanner méi wäit auserneesëtzen ze kënnen.
En Donneschdeg um 14 Auer soll de Ressortminister Claude Meisch d’Strategie op enger Pressekonferenz annoncéieren.
RTL iwwerdréit wéi gewinnt dës Pressekonferenz.
