D'Enseignantsgewerkschaften goufen e Mëttwoch via Video-Konferenz vum Educatiounsminister iwwert d'Reprise vum Schoulbetrib an d'Bild gesat.

An engem gemeinsame Communiqué stellen Apess, Féduse, SEW an SNE fest, datt d'Regierung an hir Beroder eng ganz Rei Zenarien huet missen duerchspillen, fir op dësen ze kommen, deen elo festgehale gouf. D'Gewerkschaften hoffen, datt d'Regierung sech op den Avis vun den Experte baséiert an doduerch also och déi richteg Decisioun hëlt. Op alle Fall misst, wann d'Schoul nees opgeet, d'Gesondheet vun de Schüler an Enseignantë garantéiert ginn an iwwert allem stoen.

Et géifen och Schüler a Schülerinne ginn, déi zu de Risikogruppe gehéieren oder Risikopatienten an hirem direkten Ëmfeld hunn. Och ënnert den Enseignantë wiere vulnerabel Persounen. Hei gëtt begréisst, datt si net am direkte Kontakt mat de Schüler musse sinn.

Fir de Rescht géife sech awer nach eng ganz Rei Froe stellen.

Ënnert anerem wéi garantéiert ka ginn, datt d'Schüler an Enseignantë korrekt geschützt ginn? Wéi de Social Distancing garantéiert ka ginn? An der Schoul an am ëffentlechen Transport? Besonnesch bei de méi klenge Kanner am Cycle 1 wier dat ganz schwéier ëmzesetzen.

Och géife sech eng ganz Rei Froen iwwert den alternéierte Schoulbetrib stellen. A wat maache Proffen, déi éischter als éischt ufänken, mat schaffen, ma deenen hir Kanner hir Betreiungsstrukturen nach zou sinn? Jee vill Detailer bleiwen ze klären bis de Mee, wat d'Grillen och ugeet, den Encadrement an déi zukünfteg Interaktioun tëscht Schoul a Maison-Relais.