Wéinst Coronavirus"Keng Fouer, wéi mir se kennen", esou Patrick Goldschmidt

RTL Lëtzebuerg
Wa bis Enn Juli alles verbueden ass, da kéint ee sech ganz schwéier virstellen, datt een am August zu Honnertdausenden op de Glacis ka kommen.

Et ass dëst Joer keng Fouer, esou wéi mir se elo zënter Jore kennen. Dat sot de Stater Schäffen Patrick Goldschmidt am spéide Méindeg Nomëtteg am Stater Gemengerot.

Wa bis Enn Juli alles verbueden ass, da kéint ee sech nëmme ganz schwéier virstellen, datt ee sech am August zu Honnertdausenden um Glacis kann ameséieren. De Schäfferot an d’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg géifen awer un Alternative schaffen.

Extrait Patrick Goldschmidt
Wa bis Enn Juli alles verbueden ass, da kéint ee sech ganz schwéier virstellen, datt een am August zu Honnertdausenden op de Glacis ka kommen.

Et géif den Ament gepréift ginn, ob ee kleng lokal Kiermesse ka maachen, ouni grouss Restauratioun a Party. Dat ass dëst Joer net méiglech, esou de Patrick Goldschmidt, zu deem sengem Ressort ënnert anerem d’Organisatioun vu Festivitéite gehéiert.

Donieft gouf e Méindeg de Mëtteg am Conseil vill iwwert weider finanziell Hëllefe fir de Commerce diskutéiert. Do leien zwou Motiounen um Dësch. Eng vun der Majoritéit an eng vun der Oppositioun.

RTL.lu: Schueberfouer 2020/Covid-19 - D’Foraine reagéieren: “Et geet ëm eis Existenz”

Back to Top
CIM LOGO