RTL huet versicht erauszefannen, wat eigentlech an dësem Dossier schifgelaf ass.

"Mir sinn an intensive Gespréicher mam Architekt a mir als Servior wëlle wierklech, dass et virugeet am Dossier Rëmeleng an et ass eis wichteg, dass dëst e moderne Site gëtt!"

Bei der Ausso vum Generaldirekter Alain Dichter huet een en Déjà-vu. De Projet fir en neie CIPA ass nämlech scho jorelaang blockéiert, sou dass d'Pensionären zu Rëmeleng ëmmer nach an Zëmmer ouni sanitär Installatioune musse wunnen. D'Monique Kater huet versicht erauszefannen, wat eigentlech an dësem Dossier schif gelaf ass. Et hätt een net der Servior, mee dem Staat dës Terrainen zur Verfügung gestallt, sou de Buergermeeschter Henri Haine ...am Februar 2018!

Um Dënschdeg sot den Alain Dichter, Direkter vun Servior, hei op RTL:

"Fir da Rëmeleng ze huelen. Dat ware graff 54 Millioune beim Ministère vun de Batiments publics, sinn 28 Milliounen Euro beim Familljeministère ginn. Dat heescht, bei engem gläichbleibende Programm, deen ee wëll realiséieren, datt ee nach eng Kéier bei Null ufänkt, dat ass dat eent. Dat Anert ass, datt wa mir Sue vum Staat kréien, fir ee Gebai ze bauen, da kréie mir déi net op den Dësch getesselt. Mee mir kréien eng Konventioun, wou dra steet, wat mir als Betrib kréien, fir de Projet ze realiséieren. A fir all Rechnung, déi mir engagéieren, hu mir eng Ligne de crédits, déi och vun engem Ministère muss approuvéiert ginn a mir zéien d’Suen dorobber a mir ginn all Rechnung un de Staat."

Wéinst deem gekierzte Budget goufen d'Pläng geännert, Resultat: Sträit mam Architekt.

Firwat dat neit Rëmeleng ënnert der CSV-LSAP Regierung nëmme méi hallef esou deier huet dierfe ginn? Eng oppe Fro. Firwat Rëmeleng dunn op eemol 2010 am Staats-Budget keng Prioritéit méi war? En anert Fragezeichen.

Dat alles géif net bedeiten, dass näischt gemaach géif, sou den Alain Dichter.

Déifferdeng leeft; 200 Better amplaz déi 80 vun elo - geplangten Ouverture: an 2 bis 3 Joer.

Rëmeleng géif vun elo 70 op 120 Better eropgeschrauft ginn an zu Käerjeng hätt een e Projet vun 200 Better, dee geschwënn soll an de Bau goen.

Wann dann alles riicht leeft zu Rëmeleng.

Servior léisst näischt géint d'Familljeministesch soen. Déi seet RTL näischt iwwer Rëmeleng ... an näischt zu eisem Zweiwel, ob de politesche Wëllen fir d'Wuel vun den eelere Leit wierklech staark genuch ass.