Dorobber huet elo den Direkter vu Servior, den Alain Dichter, RTL géintiwwer reagéiert.

Et wier net esou, datt een de Projet express schleefe géif loossen. Au Contraire, et wier dem Bedreiwer vum Altersheem dru geleeën, datt den Dossier esou séier wéi méiglech Realitéit gëtt. Zanter 20 Joer gëtt schonn iwwert e neit Altersheem zu Rëmeleng geschwat, d’Terrainen sinn do, dat aalt Altersheem ass nämlech net méi der Zäit ugepasst. Eng eenzeg Toilette um Stack fir d’Clienten, dat ass net ze droen. Ma virun e puer Joer hat et geheescht, datt ee wéinst engem Litige mam Architekt net virukéim. Dat gesäit antëscht aneschters aus, esou den Alain Dichter.

Den Alain Dichter (1)

"Et ass ganz kloer, datt mir säit jee un deem Dossier interesséiert sinn. An och esou wéi et an der Chamber diskutéiert ginn ass a vun der Ministesch ënnerstrach ginn ass, ass hir dru geleeën, datt den Dossier eng Léisung fënnt an eis als Bedreiwergesellschaft Servior natierlech och. Well mir hunn eis Bewunner a Mataarbechter an eis ass absolut dru geleeën, datt mir ee moderne Site hunn, wou eis Bewunner kënne wunnen, an eis Mataarbechter kënne schaffen. An deem Kontext sinn ech frou kënnen ze soen, datt mir de Moment an intensive Gespréicher mam Architekt sinn an datt och an dem nächste Woche Reuniounen ugesat sinn, fir Gespréicher ze féieren."

De politesche Support vermësst den Alain Dichter dann och net. Wat déi finanziell Moyenen ugeet, déi sech halbéiert hunn, wéi den Dossier de Ministère gewiesselt huet, erkläert den Direkter vun Servior.

Den Alain Dichter (2)

"Fir da Rëmeleng ze huelen. Dat ware graff 54 Millioune beim Ministère vun de Batiments publics, sinn 28 Milliounen Euro beim Familljeministère ginn. Dat heescht, bei engem gläichbleibende Programm, deen ee wëll realiséieren, datt ee nach eng Kéier bei Null ufänkt, dat ass dat eent. Dat Anert ass, datt wa mir Sue vum Staat kréien, fir ee Gebai ze bauen, da kréie mir déi net op den Dësch getesselt. Mee mir kréien eng Konventioun, wou dra steet, wat mir als Betrib kréien, fir de Projet ze realiséieren. A fir all Rechnung, déi mir engagéieren, hu mir eng Ligne de crédits, déi och vun engem Ministère muss approuvéiert ginn a mir zéien d’Suen dorobber a mir ginn all Rechnung un de Staat. An dee seet finalement op en d’accord ass oder net an e rembourséiert op d’Ligne de crédits. Wann de Staat seet, dat rembourséieren ech net, dann ass dat de Bedreiwer, deen dat op eege Käschte muss droen."

Wéi gesot ass de Projet vum Rëmelenger Altersheem elo schonn 20 Joer an der Diskussioun. Wéi séier do elo Beweegung an den Dossier kënnt, bleift ofzewaarden.