30% méi Telefone bei SOS Détresse

Fir de Chargé de direction vun SOS Détresse ka jiddereen enger Persoun an Nout hëllefen, andeems een där einfach nolauschtert.
Dacks géif dat hëllefen, huet de Sébastien Hay am RTL-Interview betount.
Zanter dem Ufank vun der Ofgeschlossenheet hätt seng Associatioun ongeféier 30% méi Telefone kritt. De Moment géif een awer keng Tendenz a Richtung vu méi Suicidegefor notéieren. Dee Sujet war ë.a. an der Chambersëtzung, e Samschdeg, an der Diskussioun iwwert d'sougenannt Garantiesgesetz opkomm.
Et géif bei SOS Détresse eng Demande gi fir ganz verschidden Themaen, sou de Chargé de direction:
"Leit, déi sech natierlech Gedanke maachen, déi Ängschten hunn, déi Schwieregkeeten hunn, mat der Situatioun ëmzegoen, mam Isolement och ëmzegoen, mat der Einsamkeet: Also, do sinn et scho vill verschidden Themen!"
Nieft der Offer iwwer Telefon gëtt et och eng online. Fir béides suergen an der Haaptsaach Fräiwëlleger, déi eng Formatioun vun annerhallwem Joer matgemaach hunn, plus Supervisiounen a Weiderbildungen. D'Associatioun bitt Hëllef u bei sozialen, perséinlechen, psycheschen, familiären oder Problemer op der Aarbecht a betreit Persoune mat Depressiounen a Selbstmordgedanken, "déi eis dann och mol uruffen, fir do eng Ënnerstëtzung ze kréien, fir do awer nach aus deem Lach ze kommen!"
Iwwer all Sujet gëtt diskutéiert, seet de Sébastien Hay:
"Mir sinn do fir nozelauschteren, fir an d'Gespréich ze kommen a fir iwwert d'Schwieregkeeten, egal wéi eng et sinn, och ze schwätzen!"
Et wär wichteg, deem en Ouer ze ginn, deen eng schwéier Situatioun erlieft, déi Suergen opzehuelen a se net ze minimiséieren. Si sollten eescht geholl ginn, och wann ee Schwieregkeeten hätt, fir domat ëmzegoen:
„Et denkt ee sech natierlech näischt Schlechtes dohannert, mä leider: De Leit, déi a sou enger Situatioun sinn, déi Suicidegedanken hunn, weist dat awer grad de Géigendeel, dass se net eescht geholl ginn an dass se do keen Ouer fannen a keng Hëllef kënne kréien. Dowéinst: Einfach scho mol nolauschteren an et wierklech fir eescht ze huelen, dat hëlleft scho vill!"
Woubäi Leit mat Suicidegedanken am beschten op eng professionell Ënnerstëtzung zréckgräife sollten, well dat Zäit bräicht; op deem Plang kéint SOS Détresse kee Suivi offréieren.
Et kann een d'Associatioun iwwer Telefon erreechen, um 454545, an um Internet iwwer 454545.lu u si kommen.
Wéi hire Chargé de direction ënnersträicht, ass nämlech keen eleng!