Leit aus der Géigend hunn d'Zoustänn denoncéiert. Am Naturpark Our op der Lëtzebuergesch-däitscher Grenz, déi aner Säit vun der däitscher Uertschaft Gemünd hunn Onbekannter Dreck an der Natur entsuergt.
Dem Directeur adjoint vun der Naturverwaltung Laurent Schley no hätt een d'Informatiounen e Mëttwoch den Owend kritt an déi zoustänneg Mataarbechter wieren en Donneschdeg op der Plaz gewiescht, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen. Wéi et ausgesäit, géif den Dreck wuel scho méi eng laang Zäit do leien. Den Hannergrond ass fir den Ament nach onbekannt.
An der Géigend ass ee besonnesch op däitscher Däitscher Säit mat Deponien an Dreckusammlunge virbelaascht. Zanter Joren tiermt sech matten am Zentrum vu Gemünd op engem privaten Terrain Schrott, ma den Autoritéite schéngen d'Hänn gebonnen, fir dogéint virzegoen. Ob et elo e Lien op Lëtzebuerg gëtt, ass fir den Ament net gewosst. Wéi de Laurent Schley betount, wieren déi néideg Schrëtt an d'Weeër geleet ginn, fir der Saach op de Fong ze goen. Duerfir gouf elo eng Enquête wéinst Verstéiss géint d'Naturschutzgesetz opgemaach.
War d'Naturverwaltung eigentlech wärend dem Lockdown allgemeng mat méi Fäll konfrontéiert?
"Et ass esou, datt mer effektiv an där Zäit eng Partie gréisser Depote fonnt hunn, wou Leit quasi ganz Stuffen oder ganz Buedzëmmeren entsuergt hunn an net waarde konnten, datt de Recyclingszenter nees opmécht, dat ass Schued. Mä fir de Rescht gëtt et och ëmmer ausserhalb vu Coronazäite Leit. déi et net fäerdegbréngen, hiren Dreck mat heem ze huelen.", seet de Laurent Schley.