Fir en Dënschdeg de Moien 11 Auer haten ë.a. d'Gesondheetsministesch an den Educatiounsminister op eng Pressekonferenz invitéiert.

Et goung ëm d'sanitär Mesuren an d'Recherche am Kader vun der Exit-Strategie. Nieft der Gesondheetsministesch Paulette Lenert an dem Educatiounsminister Claude Meisch war och nach de Prof. Dr. Ulf Nehrbass vun der Taskforce COVID-19-Research bei der Pressekonferenz dobäi.

Um Site gouvernement.lu fënnt een de Livestream vun der Pressekonferenz och a Gebäerdesprooch. Bei de Kolleege vum 5minutes fënnt een de Livestream mat franséischem Ënnertitel.

Liest all déi wichteg Changementer, Ofsoen an Aussoen no an eisem Liveticker.