Lëtzebuerg gëtt sech ganz grouss Test-Capacitéiten. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Educatiouns- a Fuerschungsminister Claude Meisch hunn en Dënschdeg de Moien doriwwer informéiert.
Bis zu 20.000 Leit den Dag solle sech kënnen an Zukunft teste loossen, dat op 17 Test-Statioune queesch duerch d’Land. Bannent engem Mount kéinten theoretesch alleguerten d’Awunner zu Lëtzebuerg getest ginn. Et wéilt een e präziist Bild hu vun de Corona-Infektiounen an der Lëtzebuerger Populatioun. Wann ee vill géif testen, kéint een och méi séier reagéieren an d’Leit isoléieren an déi aner schützen. Dat géif et erméiglechen, der Populatioun nees méi Fräiheeten ze ginn an erëm méi Aktivitéite méiglech ze maachen.
Déi Tester si fräiwëlleg a gratis. Si ginn iwwert de Fuerschungsbudget bezuelt. Dat kascht bis zu 40 Milliounen Euro.