Et ass gewosst, dass et ville schwéierfält an dësen Zäiten, fir hir Léifsten dierfen ze gesinn, virun allem, wa se am Altersheem sinn.

Ma zu Nidderaanwen am Cipa Gréngewald kann een elo zanter e Méindeg d'Famill oder d'Frënn op eng ganz originell Aart a Weis besiche goen.

Et ass ee Container, deen de Matbewunner vum Gréngewald erméiglecht, hir Allerléifsten ze gesinn. D’Konzept ass einfach a gouf aus Holland iwwerholl.

Am Container trennt eng Plexiglas-Fënster d'Mëtt dovunner, esou kann ee sech op d'mannst duerch d'Fënster gesinn an iwwer e Parlophone matenee schwätzen, eng Method, déi positiv bei de Famillen ukënnt.

Den Undrang ass den Ament enorm, d'Rendezvousen, där ginn et bal net genuch.

No all Visitt ginn déi zwou Säite vum Container komplett gebotzt an desinfizéiert, fir all Sécherheetsmesuren anzehalen. Sécher ass, dass dëst Cipa-in-the-Box-Konzept nach bis Minimum Enn Juli zu Nidderaanwe funktionéiere soll.