StatecMortalitéit geet erof, Covid-19 huet awer en Impakt

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Statec e Mëttwoch mellt, goufen et an den 3 éischte Méint vun dësem Joer 1.129 Doudeger am Ganzen.

De Covid19 hat bis ewell e limitéierten Impakt op d’Mortalitéit am éischten Trimester vun dësem Joer hei am Land. De Statec erkläert an engem Schreiwes, dass d’Stierflechkeet am éischten Trimester dëst Joer erofgaangen ass, mä ouni Coronavirus léich d’Mortalitéit nach méi niddereg.

Mortalitéit beim Statec / Joël Detaille

An den éischten 3 Méint vum Joer sinn hei am Land 1129 Stierffäll registréiert ginn. Dat sinn der 31 manner, wéi nach 2019, a souguer 143 manner wéi 2018.

Dat kléngt op den éischten Ament gutt, huet awer logesch Grënn, wéi den Charlie Klein vum Statec eis erkläert huet.

Wat d’Ursaachen dovun sinn, kann een engersäits dervun schwätzen, dass et generell eng Tendenz gëtt, dass d’Mortalitéit erofgeet. Dat bedéngt duerch en doucen Wanter, an et gouf och keng gréisser Grippewell, wéi een se aus de Jore virdru kannt huet.

De Phänomen, dass manner Leit stierwen, gëtt et deemno trotz Wuessstëft vun der Populatioun, an de meeschten entwéckelte Länner, eigentlech. Well Mëtt Mäerz huet de Corona-Virus sou richteg zougeschloen.

Mir hunn eigentlech zanter dem 13. Mäerz, wou et den éischten Corona-Doudegen gouf, am Mäerz 23 Leit, déi un der Krankheet gestuerwen sinn, an dat huet eben och derzou gefouert, dass een Enn Mäerz méi Doudeger hat, wéi an de Joren virdrun. Wann een dann den Abrëll kuckt, gouf et nach emol 67 Leit, déi duerch de Virus gestuerwen sinn, sou dass een dervun ausgeet, dass déi sougenannte Sur-Mortalité och an den Abrëll wäert eriwwer goen.

De Virus huet also kloer en Impakt op d’Zuelen, déi méi kleng bliwwen wieren.

An der Moyenne sinn am éischten Trimester 12,4 Mënsche pro Dag gestuerwen. Zanter den éischten Doudesfall wéinst dem Coronavirus den 13. Mäerz gemellt gouf, ass d’Zuel par konter op 14 Doudeger pro Dag geklommen.

Et stierwen och däitlech méi Männer an der Alterskategorie 65+ wéi Fraen an där Altersgrupp. Dofir hätt een den Ament awer beim Statec nach keng Explikatioun.

Generell also manner Doudeger, mä covid-19 huet e kloren Impakt, soen d’Statistiker.

PDF: Schreiwes mat Grafik vun der Statec

Back to Top
CIM LOGO