
Déi sougenannt “nei” Gentechnik erméiglecht ganz geziilt Agrëffer, fir zum Beispill d’Planze méi resistent ze maache géint schiedlech Insekten. Dofir sollen op EU-Niveau d’Reegele fir dës nei Technik manner rigid gemaach ginn. Et gëtt awer och Kritik un der Method. Notamment well kleng Verännerungen trotzdeem e groussen Impakt kënnen hunn a well et riskéiert fir d’Konsumenten net méi erkennbar ze sinn, wa Liewensmëttel gentechnesch modifizéiert sinn oder net. An deem Kader huet d’Plattform “Meng Landwirtschaft” zu enger Konferenz agelueden.
Anescht ewéi déi méi bekannte, konventionell Gentechnik ass déi nei vill méi genau, well direkt dat genetescht Material, als de Genom, ka verännert ginn, erkläert den Dr. Christoph Then, Expert an der Gentechnik. Doduerch kënnen och ganz kleng awer geziilte Verännerungen e groussen Effet hunn.
A genee do läit de Problem, esou de Kritiker. Well eng Planz net isoléiert besteet. Gëtt zum Beispill d’Faarf vun de Bléie verännert, huet dat en Impakt op d’Insekten, déi d’Planz bestäuben. Eng Erausfuerderung och hei am Land, besonnesch duerch déi kuerz Weeër, fënnt d’Claudine Felten, Direktesch vun Natur & Ëmwelt. Bio-Bauere kéinten sech esou net méi sécher sinn, ob hir Planzen an hir Produiten duerch d’Insekten net eventuell awer a Kontakt mat de genetesch verännerte Planze vum Bauer an der Noperschaft komm sinn.
Dobäi kënnt, dass déi meeschte Produiten, déi duerch déi nei Gentechnik entstinn, net musse gekennzeechent ginn, warnt den Dr. Christoph Then. Esou gesäit et op d’mannst de Virschlag fir e Reglement vir, iwwert deen op EU-Niveau virum Summer soll ofgestëmmt ginn. Dat géing dem Konsument säi Recht op e Choix ewechhuelen, esou den Expert. Well een net méi wësse kann, ob de Produit deen ee consomméiert, net awer duerch Gentechnik entstanen ass.

Ob am Virfeld d’Risiken op d’Ëmwelt gepréift ginn oder net, hänkt dann dovunner of, wéi vill genetesch Verännerungen un enger Planz gemaach goufen. Bis 20 gi vun der EU als net problematesch agestuuft. Dem Dr. Christoph Then no géing dëse Seuil awer net op wëssenschaftlechen Erkenntnisser baséieren.
Am EU-Rot krut den Text nëmmen eng knapp Majoritéit. De Vote am Conseil vun den EU-Ministeren ass Enn Abrëll. Am Mee/Juni soll dann am EU-Parlament ofgestëmmt ginn. Wéi sech déi Lëtzebuerger Regierung positionéiert, ass net kloer. An der Äntwert vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen op eng parlamentaresch Fro vun der grénger Deputéiert Joëlle Welfring heescht et: “Nous sommes convaincus que les plantes NGT de catégorie 1 font partie de la solution qui nous aidera à rendre notre agriculture plus résiliente face au changement climatique. En effet, les « ciseaux génétiques » font évoluer les plantes de la même manière que la nature mais en moins de temps.”
Domadder gëtt och argumentéiert, wisou eng Kennzeechnung net noutwenneg wier. Dem Expert an der Gentechnik Dr. Christoph Then no kéinten ze vill modifizéiert Planzen, déi op eng Kéier an d’Natur fräigesat ginn, awer d’Gläichgewiicht vun den Ekosystemer ugräifen.
Als Géigner vun der neier Gentechnik géing hie sech awer net gesinn, betount den Dr. Then am Interview. Et wier duerchaus Potenzial do. Mee net esou wéi et aktuell ugeduecht gëtt. Et sollt sech éischter op eng konkret Planz konzentréiert ginn, déi duerch déi nei Gentechnik méi resistent géint de Klimawandel kéint gemaach ginn. Déi geplangten Dereguléierung vun der EU wier par konter net nohalteg.