Prisongen iwwerfëllt, ze wéineg Personal an ëmmer nees Kritik um Jugendschutz, well Mannerjäreger am Prisong landen. D’Justiz steet viru grousse Chantieren. Wou sinn d’Gesetzesprojeten a punkto Jugendschutz a Jugendstrofrecht drun? Wéini kënnt eng Struktur fir d’Mineuren? A wéi séier geet et viru mat grousse Reformen an der Justiz, vum Walrecht bis zur Comparution immédiate? Doriwwer schwätze mir en Donneschdegmoie mam Elisabeth Margue. D’CSV-Justizministesch ass kuerz no 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.