Gesondheetsministère: "Loosst Iech net vum Tubak den Otem huelen"

© CC
All Joer stierwe weltwäit 8 Millioune Mënsche wéinst dem Tubak, schreift de Gesondheetsministère, iwwer 1,2 Milliounen dovunner selwer Net-Fëmmerten.
Domat wier den Tubak déi éischt Ursaach vu verfréiten an evitabelen Doudesfäll op der Welt. Zu Lëtzebuerg géifen all Joer ronn 1.000 Persounen un de Suitte vu Krankheete stierwen, déi mam Tubak ze dinn hätten. 80 dovunner hätte just passiv consomméiert.Am Kader vum Weltdag ouni Tubak relancéiert de Gesondheetsministère seng deementspriechend Campagne an deelt eng Rei Donnéeën, wéi een Impakt d'Fëmmen op d'Longen huet.90% vun de Fäll vu Longekriibs wieren op den Tubakskonsum zréckzeféieren, sou wéi och 80% vun de chroneschen obstruktive Longenerkrankungen (BPCO). Asthma géif vum Fëmme verschlëmmert ginn. Donieft mécht den Tubakskonsum och ufälleg fir aner Otemwee-Kriibsen, zum Beispill vun der Zong, der Strass, dem Kehlkopf oder de Stëmmbänner.Kanner, déi dem Zigarettendamp ausgesat sinn, kréiche méi dacks Otemweeinfektioune wéi Bronchitten, Longenentzündungen oder Asthma. Iwwerdeems kéint d'Fëmmen eng latent Tuberkulos aktivéieren an d'Otemnout bei Leit, déi schonn eng Tuberkulos hunn, verschlëmmeren.D'Weltgesondheetsorganisatioun warnt och am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie - de Virus géif fir d'éischt d'Longe befalen, Persounen, deenen hir Otemweeër duerch d'Fëmme fragiliséiert wieren oder déi schonn eng vun de virdru genannte Krankheeten hätten, géifen deemno riskéieren, e méi schwéiere Krankheetsverlaf ze hunn. Der WHO no géifen et och keng Beweiser dofir ginn, datt Nicotine géif hëllefe beim Covid-19.Dem Gesondheetsministère géifen déi éischt gesondheetlech Verbesserunge schonn 48 Stonnen nodeems een ophält mat fëmmen ufänken - de Kierper wier besser mat Sauerstoff versuergt an d'Ootmung géif sech verbesseren. No engem Joer wier d'Ootmung nees normal an den Häerzinfarkt-Risiko wier ëm d'Hallschent zréckgaangen. 10 Joer nodeems een opgehalen hätt mat fëmmen, hätt een nëmmen nach hallef sou en héije Risiko, u Longekriibs ze stierwen, wéi e Fëmmert, an 20 Joer nom Ophalen, wier een nees um nämmlechten Niveau wéi en Net-Fëmmert.De Gesondheetsministère invitéiert, sech op tabac-stop.lu e Rendez-vous fir eng Consultatioun ze huelen, wann ee wéilt ophale mat fëmmen.
Temoignagë vun Ex-Fëmmerten
Am Kader vum Weltdag ouni Tubak deelt d'Fondation Cancer iwwerdeems Temoignagë vu Leit, déi opgehalen hu mat fëmmen.
D'Associatioun wéilt domat weisen, datt et net deen ee richtege Wee gëtt, fir opzehale mat fëmmen, ma datt dat fir jiddereen anescht ka sinn.De Philippe zum Beispill, en Enseignant vun 30 Joer, huet virun 2 Joer opgehalen. Hien hätt wëllen e bessert Virbild fir seng Schüler sinn an hätt méi oder wéineger vun engem Dag op deen aneren opgehalen.
Philippe, 30 Joer, Net-Fëmmert zanter 2 Joer
D'Léa, 21 Joer, huet virun engem hallwe Joer opgehalen. Si hätt probéiert, sech d'Fëmme mat enger elektronescher Zigarett ofzegewinnen, dat hätt hir awer net vill bruecht.
Léa, 21 Joer, Net-Fëmmert zanter 6 Méint
Dem Alex, 34 Joer, op där anerer Säit huet d'elektronesch Zigarett gehollef, fir vum Fëmme fortzekommen. Hie fëmmt zanter 2,5 Joer net méi.
Alex, 34, Net-Fëmmert zanter 2,5 Joer
Ma och Nikotinplooschteren hëllefe verschiddene Leit, zum Beispill dem Dejan. Hien huet 52 Joer an huet virun 3 Méint opgehale mat fëmmen.
Dejan, 52 Joer, Net-Fëmmert zanter 3 Méint
Déi 4 fréier Fëmmerte soen, datt si sech besser fillen, besser Loft kréien, méi Ausdauer hu beim Sport an och méi schmaachen, zanterdeem si opgehalen hu mat fëmmen. Iwwerdeems géif een et och am Portmonni spieren, seet den Dejan.Fir Leit, déi Wëlles hunn, mam Fëmmen opzehalen, offréiert d'Fondation Cancer gratis Consultatiounen an hire Gebailechkeeten, iwwer Video-Konferenz an iwwer Telefon. E Rendez-vous kritt een ënner maviesanstabac.lu oder um 45 30 33 1.
Offiziellt Schreiwes
Journée mondiale sans tabac: «Ne laissez pas le tabac vous couper le souffle!» (31.05.2020) | |
| |
La Journée mondiale sans tabac est l’occasion pour le ministère de la Santé, en partenariat avec l’Organisation mondiale de la santé (OMS), d’informer et de sensibiliser la population aux effets nocifs et mortels du tabagisme actif et passif.
Le tabac et la santé pulmonaire
Dans la situation actuelle de pandémie du COVID-19, l’OMS rappelle que le tabagisme fragilise et provoque des maladies respiratoires. Le virus du COVID-19 s’attaquant en premier lieu au système respiratoire, les fumeurs sont plus enclins à développer une forme plus grave de la maladie du COVID-19 si comparés aux non-fumeurs. De même, les maladies provoquées par le tabac, citées plus haut, augmentent les risques de complications graves pour les patients contaminés par le COVID-19.
Le Programme de sevrage tabagique mis en place en 2008 en collaboration avec la CNS pour aider et encourager les personnes qui souhaitent arrêter de fumer, offre un accompagnement du fumeur lors de son sevrage par un professionnel de la santé et rembourse partiellement les traitements médicamenteux et les produits de substitution éventuellement nécessaires. Pour plus d’informations, rendez-vous sur www.tabac-stop.lu. |