Unel kritiséiert Informatiounsmanktem iwwer Videosurveillance-Plattform

E Méindeg ass den Optakt vun den Examen op der Uni Lëtzebuerg, déi deels ënner Videosurveillance ofgehale ginn. Do wier awer nach munches onkloer.
Et stelle sech 4 Deeg virum Optakt vun den Examen nach eng Rei Froen iwwert den Dateschutz an déi praktesch Ëmsetzung, dat schreift d'Unel, d'Unioun vun de Lëtzebuerger Studenten, an engem Communiqué iwwert de geplangten Asaz vun enger Videosurveillance-Plattform, bei verschiddenen Examen op der Uni Lëtzebuerg, déi e Méindeg à distance ufänken. D'Studenten hätte wuel assuréiert kritt, datt d'Software, déi d'Uni benotze wëll, dateschutz-konform ass, ma fir den Ament hätt een nach keng Informatiounen iwwert de Schutz vun de perséinlechen Date kritt. D'Studente wéissten net, wéi laang hir Donnéeë gespäichert ginn a wien en Abléck dran huet. Dat wier e potentiellen Agrëff an d'Grondrechter, deen net ouni Averständnis vun de Studenten a Studentinne geschéien dierft.
Estelle Née (UNEL):Mir wëssen net wéi, wou a wéi laang déi Date stockéiert ginn a wien alles Zougrëff huet. Et ka séier zu enger Gefor fir d'Grondrechter kommen. De Student muss kënnen averstane sinn, fir déi Intrusioun an d'Privatliewen ze erméiglechen. De ganze Raum gëtt gescannt an de Raum gefilmt. Wann een zum Beispill bëssen ze laang an en Richtung kuckt, da gëtt dat weider gemellt.
Bis elo wier nämlech och nach keng Alternativ proposéiert ginn.
D'Unel kritiséiert donieft dee ganz praktesche Volet vun dëser Videosurveillance. Kee Student hätt sech bis elo kënne mat der Applikatioun familiariséieren an et wieren och weider keng Informatiounen erausgi ginn, wéi se ze notzen ass. Och hätt ee vun der Uni.lu keng Informatiounen driwwer kritt, wéi ee sech géint eventuell Bedruchsaccusatioune wiere kéint.
D'Studentenunioun fuerdert d'Uni an hirem Schreiwes op, fir de Studenten a Studentinnen, déi net mat dëser Plattform schaffe wëllen, Alternativen unzebidden. D'Studente missten de Choix hunn, e Choix, vun deem net hiert Joer ofhänkt, mä hir perséinlech Rechter.