Vu Mëtternuecht unDiesel a Masutt gi ferm méi deier

RTL Lëtzebuerg
No Hallefnuecht klëmmt de Präis fir e Liter Diesel ëm 15 Cent, wärend et beim Masutt eng Hausse vu 15,7 Cent de Liter ass. Och de Präis vum 95er Bensinn klëmmt.
Diesel a Masutt ginn en décke Krack méi deier
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)
D'Präisser, déi vum 20.03.26 u gëllen
D’Präisser, déi vum 20.03.26 u gëllen
© rtl.lu

Beim Diesel ass et eng Hausse vu 15 Cent de Liter op 2,006 Euro.

De Präis fir e Liter Masutt geet ëm 15,7 Cent op 1,460 Euro erop.

Beim LGP ännert näischt, dee Präis läit weider bei 0,902 Euro.

De Präis fir e Liter 95er Bensinn klëmmt ëm 2,5 Cent op 1,727 Euro.

Den 98er Bensinn bleift onverännert bei 1,830 Euro de Liter.

Back to Top
CIM LOGO