Invité vun der Redaktioun (20. Mäerz)"Presseronn" mam Nadine Schartz vum "Lëtzebuerger Wort" an dem Sidney Wiltgen aus dem "Tageblatt"

Claude Zeimetz
E Freideg ass déi aktuell Hausse vun den Energiepräisser Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi ganz schwiereg Dossiere wieren elo gepackt, hat de Premier Luc Frieden nach Uganks des Joers bei eis am Neijoerschinterview gemengt a warscheinlech och gehofft. Ma d’Eskalatioun am Noen Osten katapultéiert d’Regierung an d’EU grad op en Neits awer an de Krisemodus. Den Drock, fir d’Hausse vun den Energiepräisser ofzefiederen, klëmmt. D’Angscht virun enger weltwäiter Rezessioun wiisst. An déi national Chantieren wéi de Logement, d’Santé an de Mindestloun bleiwen. Zu engem Moment, wou d’Parteien op hire Kongresser den Ament ufänken, sech intern lues a lues fir déi nächst Walen opzestellen. D’LSAP mat enger komplett neier Parteispëtzt. Déi aner mat bekannte Gesiichter, woubäi eng gewësse Spannung bleift, wéi grouss d’Zoustëmmung fir de Luc Frieden als Parteipresident bei der CSV-Basis no engem holperege Joer wierklech ass. Iwwert alles dat schwätze mer de Moien live an enger Presseronn um 8 Auer mam Nadine Schartz vum «Lëtzebuerger Wort» an dem Sidney Wiltgen aus dem «Tageblatt».

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO