
An enger Prise de position erkläert sech den Dan Santos, nodeems vun der FLF e Communiqué iwwert seng Entloossung als Dammennationaltrainer publizéiert gi war.
Den Dan Santos kontestéiert dodra formell d’Opléisung vu sengem Kontrakt an och d’Virwërf géint seng Persoun.
Hie regrettéiert, dass esou schwéier Accusatioune bekannt gemaach gi wieren, éiert eng komplett an equilibréiert Iwwerpréiwung gefouert konnt ginn, déi him hätt kënnen erlaben, sech an adäquater Form ze verdeedegen.
Wärend senger ganzer Zäit als Dammennationaltrainer hätt hie seng Missioun mat Engagement, Integritéit an am Respekt vun de Valeure vum Sport a sengen Acteure ausgefouert, andeems hien aktiv zur Entwécklung vum Dammefuttball zu Lëtzebuerg bäigedroen hätt.
Wéinst der Gravitéit vun den Uschëllegegungen huet den Dan Santos de Me François Prum an de Me Alexeji Nickels mat der Defense vu sengen Interête beoptraagt, fir seng Protectioun z’assuréieren an ubruechte Suitten z’envisagéieren.
Weider wënscht sech de fréieren FLF-Trainer, dass d’Situatioun seriö traitéiert gëtt, mat der Responsabilitéit an dem Respekt, dee se verlaangt a mam Schutz vu senger Privatsphär a senger Würd.
D’Nouvelle, datt d’Fussballfederatioun den Nationaltrainer mat effet immédiat entlooss huet, hat d’lescht Woch ageschloen wéi eng Bomm. D’Sportministesch Martine Hansen hat e Mëttwoch an der Chamber begréisst, datt d’FLF direkt Konsequenzen gezunn hätt.
De Jurist vun der Fussballfederatioun hat d’lescht Woch eis géintiwwer erkläert, et hätt ee konkret Beweiser duerfir, datt den Dan Santos a senger Funktioun als Dammentrainer onpassend Messagen un eng Rei Spillerinne geschéckt hätt an datt et tëscht Spillerinnen an dem Coach no der Partie géint Schottland zu Tensiounen komm wier.