“Keng Mënschlechkeet, eng Atmosphär wéi an engem Prisong , Pensionnairen als “Objeten”, et dréint sech alles nëmmen nach ëm d’Suen, iwwerall gëtt gespuert”. Déi haart Reprochen, déi Familljemembere vun engen 30 Pensionnairen aus dem Rollenger Blannenheem och bei eis op der Antenne d’lescht Woch formuléiert haten, sollten net ouni personell Konsequenze bleiwen. No zwou Krisereunioune vum Verwaltungsrot, ass et d’Decisioun, datt de Generaldirekter an de Cipa Blannenheem getrennt Weeër ginn.
An do muss een d’Schreiwes vum Conseil d’Administration vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung gutt liesen, well dat villes ausseet iwwert d’Atmosphär, déi an dëse Sëtzungen iwwert de Weekend muss present gewiescht sinn.