Op Nofro vun der grénger Deputéierter Stéphanie Empain huet de liberalen Tourismus- a Mëttelstandsminister éischt Erkenntnisser matgedeelt.

Ronn 1.500 Betriber aus dem Horesca-Beräich hätten direkt fir de Päischtweekend hir Dieren opgemaach. An der Woch duerno koumen nach eng 700 Betriber derbäi. Dat huet den Tourimusminister Lex Delles um Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber op eng Fro vun der grénger Deputéiert Stéphanie Empain geäntwert.

D'Restauranten hätten dee Weekend ronn 30 bis 40 Prozent vun hiren Dëscher besat. An den Hoteller louch den Occupatiounstaux allerdéngs nëmme bei 12 Prozent. Och op de Campinger wier d'Situatioun ganz duerchwuess gewiescht. Dat wär ënnert anerem och dorobber zeréckzeféieren, dass Touristen aus verschiddenen Nopeschlänner nach net konnten op Lëtzebuerg kommen, esou de Minister weider.