Zanter 30 Joer breet de Wollef sech nees an Europa aus. Ee Bestand kënnt aus den Alpen, also Italien, Frankräich an der Schwäiz an den zweete Bestand aus Polen.
Offiziell ass de leschte Wollef hei zu Lëtzebuerg am Joer 1893 am Bësch zu Ouljen erschoss ginn. Zanter 1992 steet de Wollef hei an Europa ënner Schutz. Dëst duerch d'Habitat-Direktiv.
An eisen Nopeschlänner Däitschland a Frankräich verbreet sech de Wollef zanter 2017, woubäi duebel souvill an Däitschland ewéi bei eise franséischen Noperen. Och an der Schwäiz ginn zanter 3 Joer Wollefsruddele gezielt.
Am Juli 2017 konnt eng éischte Kéier nees e Wollef hei am Land mat Sécherheet detektéiert ginn. Dat war zu Garnech de Fall. Knapps en halleft Joer méi spéit dann zu Fueren. Enn Abrëll dëst Joer gouf et eng weider Trace vun engem Wollef hei zu Lëtzebuerg, méi genee bei Nidderaanwen. Dëse Wollef huet säin Ursprong zu Hannover an huet domadder iwwer 450 Kilometer zréckgeluecht, ier en hei ukoum.
De Wollef ass wichteg fir d'Biodiversitéit. Hien huet e groussen Impakt op eisen Ökosystem. Iwwregens huet en ausgewuessene Wollef keng natierlech Feinden an eise Regiounen.