
Dëse Chiffer läit iwwert dem Taux vun de leschte Joren. Mat Bléck op 2018 an 2019 ass et eng Hausse vun 21,4%. Fir d’lescht sinn am Abrëll 1975 esou vill Doudeger gemellt ginn.
Eng moderéiert Iwwerstierflechkeet - sou bezeechent Statec d’Zuel vu ronn 400 Leit, déi am Land wunnen an am Abrëll verscheet sinn. Toutes causes confondues, also net eleng wéinst oder mam Virus. De Chiffer vun Doudesaffer läit e Fënneftel iwwert den Zuele vun de leschten 2 Joer. 2018 an 2019 sinn am Abrëll ronn 70 Persoune manner dee selwechte Mount gestuerwen.
Wann mer iwwert den Ufank vum Joer kucken, also bis den 9. Abrëll, wou et den éischte Covid-19-Stierffall gouf, sou ass d’Mortalitéit net weider opfälleg oder ënnerschiddlech zu anere Joren. Dat ass bedéngt duerch dee mëlle Wanter, dee keng richteg Grippewell ausgeléist huet an och weider keng exzessiv vill Doudesfäll mat sech bruecht hätt. An den éischten 3 Méint vum Joer ass d’Stierflechkeet zu Lëtzebuerg liicht erofgaangen, mä ouni Coronavirus léich d’Mortalitéit nach méi niddereg.

Tëscht Mëtt Mäerz an Enn Abrëll awer geet d’Mortalitéit-Courbe mat engem Coup erop, sou datt wärend dëse 6 Woche 664 Doudeger gezielt goufen. Dat sinn der eng ronn 100 méi, wéi et déi selwecht Period déi zwee läscht Joren de Fall war. Do waren et der 554 an där Period. Dee Chiffer vun de ronn 700 Leit, déi verscheet sinn, wier dem Statec no dann effektiv och op d’Doudesfäll vu Covid-19 zeréckzeféieren.
D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persounen am Abrëll lounch bei ronn 82 Joer fir Fraen a 75 Joer bei Männer. Dës Moyenne bei de Leit, déi dem Coronavirus zum Affer gefall sinn, läit bei 83 Joer, wat domat effektiv och ausseet, datt d’Stierflechkeet duerch de Virus méi héich ass bei Persounen, déi iwwer 80 Joer al sinn.
