E Fuerschungsgrupp vum LIH huet eng Moleküll fonnt, mat där d'Immuntherapie bei vill méi Kriibspatiente wierke kéint.

Iwwerdeems déi leschte Méint de Coronavirus am Fokus stoung, ass der Lëtzebuerger Kriibsfuerschung en Duerchbroch gegléckt. D’Immuntherapie ass jo eng nei a villverspriechend Méiglechkeet, Kriibs mat Hëllef vum Immunsystem erfollegräich ze behandelen. Se schléit aktuell awer just bei 30% vun de Patienten un.

Den Dr. Guy Berchem an den Dr. Bassam Janji hu sech an de leschten 3 Joer domadder befaasst, wéi een dem Immunsystem vun deene Kriibspatienten op d’Spréng hëllefe kann, déi net op d’Immuntherapie reagéieren.

Den Dr. Guy Berchem Onkolog a Kriibsfuerscher am LIH: "D’Immuntherapie ass immens wichteg, well mir attackéieren net direkt d’Tumeur wéi mat der Chimiotherapie, déi ganz vill Niewewierkungen huet, mee mir hëllefen dem Immunsystem, fir d’Tumeur erëm ze erkennen."

D’Immuntherapie hätt net esou uerg Niewewierkungen, wéi beispillsweis d’Chimiotherapie a géif d’Iwwerliewenschance am Vergläich zu den anere Kriibstraitementer däitlech steigeren.

Bei 60-70% vun de Kriibsfäll schléit d’Immuntherapie awer net oder nëmme wéineg un. Dacks handelt et sech hei ëm sougenannt kal Tumeuren. Am Géigesaz zu de waarmen Tumeuren, enthalen déi kal keng Immunzellen, déi vun der Immuntherapie kënnen aktivéiert ginn.

"Bei deenen, wou awer guer keng Immunzellen dra sinn, jo do kann ee stimuléieren, wat ee wëll, do geschitt awer net vill. Do muss ee fir d’éischt emol Immunzellen iwwerhaapt dra kréien."

Den Dr. Bassam Janji, Kriibsfuerscher beim Luxembourg Institute of Health: "Donc le problème majeur: comment rendre ces tumeurs colds en tumeurs infiltrés par le système immunitaire?"

Kriibszelle bréngen et fäerdeg, sech virum Immunsystem ze verstoppen. Dat iwwer ee Mechanismus, dee sech Autophagie nennt. Dësen hunn d’Fuerscher aus dem Luxembourg Institute of Health an Tester mat Mais, déi Melanom-Zellen oder Daarmkriibszellen implantéiert kruten, mat Hëllef vun enger spezieller Moleküll ausgeschalt. An doropshin eng Entdeckung gemaach.

Den Dr. Bassam Janji: "Notre découverte, c’est qu’en bloquant l’autophagie - qui est un processus bien connu depuis très longtemps - on peut rendre un tumeur cold en un tumeur hot."

Den Dr. Guy Berchem: "Dat heescht: Mat der Moleküll kënne mir d’Autophagie blockéieren, da kommen erëm vill méi Immunzellen an d’Tumeur eran. A wann een dann d’Immuntherapie no gëtt, da funktionéiert et."

Dëse Recherche-Projet gouf vun der Fondatioun Cancer an dem Nationale Recherche Fong ënnerstëtzt a viru Kuerzem an der international unerkannter Wëssenschaft-Revue “Science Advances” publizéiert. Aktuell gëtt getest, ob d’Moleküll keng ze toxesch Wierkungen op de Mënsch huet. Ass dat net de Fall, wäert se u Kriibspatiente getest ginn a kéint eventuell an enger Rei Joren als villverspriechend Medikament op de Marché kommen.