François Benoy"Wollef-Aktiounsplang funktionéiert a mengen Ae ganz gutt"

Fanny Kinsch
Et wier eng positiv Saach, datt de Wollef sech och mol rëm zu Lëtzebuerg blécke léisst, sou de François Benoy, President vun der Chamber-Ëmweltkommissioun.

Dat no enger gemeinsamer Reunioun mat der Landwirtschaftskommissioun. Et géif ee vill vu Biodiversitéitsverloscht schwätzen, ma hei hätt ee just de Contraire. Op Ufro vun der CSV goufen et Prezisiounen, nodeems Enn Abrëll Schof an der Géigend vun Nidderaanwen gerass goufen.

Dee Wollef, dee sech just kuerz hei am Land opgehalen huet, koum jo, wéi d'Naturverwaltung am Mee matgedeelt hat, aus Niedersachsen. Wou en duerno weidergezunn ass, wéisst een net, sou d'CSV-Deputéiert a Vize-Presidentin vun der Landwirtschaftskommissioun Martine Hansen. Zur Diskussioun hätten awer vill méi déi aktuell Hëllefe gestane fir Déiere, déi gerass ginn.

"Et ass leider esou, datt ëmmer nëmmen déi Déieren, déi gerass ginn, déi ginn entschiedegt, wann déi awer elo en extraen Zuchtwäert hunn, dann ass et schonn e bësse méi komplizéiert, fir déi z'entschiedegen. A wat fir eis virun allem misst méi gemaach ginn, dat ass eben déi präventiv Moossnamen, déi misse méi subventionéiert ginn a manner streng gekuckt ginn, am Moment ass et esou, datt wann ee Wollef iergendwou nogewise gëtt, da kann een am Radius vun 10km ronderëm eng Bäihëllef kréie fir zum Beispill eng extra Ëmzäumung bei de Schof. Mee e Radius vun 10km, dat ass fir e Wollef näischt."

D'CSV hätt erwaart, datt do nach géif nogebessert ginn.

De François Benoy awer zitt eng aner Conclusioun aus den Explikatiounen, déi d'Deputéiert kruten - de Wollef-Aktiounsplang funktionéiert a sengen Ae ganz gutt.

"Et kann een am Fong elo net soen, dass déi Leit, déi e Verloscht vun engem Notzdéier hunn net uerdentlech géifen entschiedegt ginn, et kann een och net soen, datt mer elo schonn immens vill Schued hätten, deen ëmmer erëm géif kommen, dat géif legitiméieren, datt mer géifen Bäihëllefen nach weider an d'Luucht schaffen, fir zum Beispill Ëmzäumungen, well déi sinn nämlech schonn immens héich, déi leien nämlech bei 75%."

D'Betriber hunn 1 Joer Zäit, fir dës Kompensatioun unzefroen, fir en Zonk ze bauen, wann e Wollef an der Géigend entdeckt gouf - d'Mesure gouf mat de concernéierten Acteuren zesummen ausgeschafft. Wéi mir op Nofro hi vun der Naturverwaltung präziséiert kruten, gouf zum Beispill no der Presenz vum Wollef 2017 zu Garnech keng esou eng Hëllef ugefrot.

Back to Top
CIM LOGO