
Keng Militär-Parad, kee Freedefeier an och keng gréisser Festivitéiten: Dëst Joer ass et op Nationalfeierdag e bësse méi roueg am Land. D'Stad Lëtzebuerg wëll d'Mënschen op eng aner Manéier zesummebréngen, am Respekt mam Social distancing, a lancéiert an deem Sënn déi digital Campagne "Solidaritéit, Solidarité, Solidarity".