An de leschte Stonnen ass den 112 wéinst dem Stuerm 50 Mol gewielt ginn. Dat 32 Mol wéinst Kelleren, déi ënner Waasser stoungen, 11 Mol wéinst Beem, déi ëmgefall waren an eng Kéier gouf gemellt, dass Zille vun engem Daach lassgaange sinn.
Esou huet den ACL ënner anerem e Bam an der Strooss tëscht Ell a Réiden op der N22 gemellt. Donieft waren och den CR171 tëscht dem Neihaischen a Schraasseg wéi och den CR106 tëscht Réiden an Nidderpallen duerch e Bam blockéiert.
Aquaplaning gouf et op méi Plazen am Land, dowéinst goufen hei d'Automobilisten opgeruff, extra opzepassen. Wéi Kachelmannwetter schreift, wieren zu Wëntger ganzer 26 Liter Reen pro Quadratmeter erofkomm, zu Buerglënster wieren et der 15 gewiescht, dat an ongeféier 30 Minutten.
Zu Buerglënster leeft d'Waasser ëmmer nees esou oder esou änlech duerch d'Stroossen. Dat wann de Buedem dréche war an op eemol vill Waasser beieneen erofkënnt.
Dann hat zu Dippech de Blëtz an en Haus an der Rue de Cimetière ageschloen, dat géint 16:15 Auer. Dëst huet zu engem Feier am Gespär an um Späicher vum Haus gefouert. Wéi de CGDIS kuerz viru 19 Auer op Nofro confirméiert huet, wier ee bis zu deem Ament op 20 Asätz geruff ginn, déi wiederbedéngt waren.
Um 23.30 Auer e Freideg sinn zu Beetebuerg an der Garer Strooss zwee Ween net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf liicht blesséiert.
Kuerz no 1 Auer e Samschdeg ass zu Waasserbëlleg an der Grand-Rue een Auto accidentéiert, och hei gëtt et ee liicht Blesséierten.
Géint 1.30 Auer ass op der Dummeldenger Gare eng Persoun vum Zuch ugestouss a blesséiert ginn .
A géint 4 Auer de Samschdeg de Moien ass an der Neiduerfer Strooss an der Stad een Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.
Da gouf et nach e Virfall zu Dummeldeng op der Gare, wou géint 1.30 Auer eng Persoun vun engem Zuch erfaasst gouf. Weider Prezisiounen zu deem Virfall gëtt et net.
De Samschdeg de Moie géint 10 Auer ass tëscht Giwenech a Méischdref e Motocyclist gefall a gouf verwonnt.
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d'Wieder, wéi gëtt d'Wieder?
METEO: Wieder-Warnunge fir Lëtzebuerg.