Dr. Jean-Claude SchmitDirekter vun der Santé ass beonrouegt iwwer Entwécklung vun den Zuelen

RTL Lëtzebuerg
44 Neiinfektioune mam Coronavirus huet d'Santé e Samschdeg matgedeelt. Dat op 3.506 Tester, déi vun e Freiden op e Samschde gemaach goufen.

D'Zuel vun Doudesfäll bleift bei 110. 13 Persoune sinn am Spidol, eng dovun op der Intensivstatioun. Zanter e Samschdeg gi weekends just nach d'Zuele vun duerchgefouerten Tester, den Neiinfektiounen an den Doudesaffer matgedeelt.

Méi Detailer iwwert d'Tester, déi samschdes a sonndes gemaach ginn oder och zum Beispill d'Entwécklung vun den Hospitalisatiounen, esou wéi d'Zuel vun den nach aktuellen Infektioune gi vun elo un ëmmer méindes publizéiert.

Dat virun allem, fir d'Spideeler ze entlaaschten.

Op Nofro hin huet den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, awer verséchert, dass d'Entwécklung och um Weekend géing suivéiert ginn.

Wat déi aktuell Hausse vun den Zuelen ugeet, sot de Santésdirekter, dass een e bëssen Zäit bréicht, fir sech e kloert Bild ze maachen an eventuell Cluster ze erkennen.

Hie wier den Ament awer beonrouegt an d'Santé géing d'Entwécklung vun den Infektiounen opmierksam verfollegen an analyséieren. Ugangs der Woch géing een d'Detailer kommunizéieren.

Back to Top
CIM LOGO