
12 Prozent méi Consultatiounen, op iwwer 33.500 Demanden ass geäntwert ginn, bal 3.200 Leit goufe perséinlech empfaangen a knapps 5.000 informéiert, de Planning Familial huet den Aktivitéitsrapport fir 2019 publizéiert.
De Planning Familial ënnerstëtzt d’Informatioun an den Zougang zu engem gudden a responsabele Sexualliewen, zanter 1965 a sou och zejoert.
2019, den 1. Mee, ass d’TVA op de weiblechen Hygiènesproduiten, zum Beispill Tamponen a Binden, vu 17 op 3 Prozent erofgaangen. Déi sinn elo „de première nécessité“, eppes wat de Planning laang gefuerdert huet. Coca-Cola wär dat scho laang.
Zejoert gouf et 21% méi medezinesch Consultatiounen, et konnten och méi Dokteren agestallt ginn. 3 Zentre ginn et: an der Stad, zu Esch an zu Ettelbréck. De Planning kläert op, mécht Depistage, kuckt no Geschlechtskrankheeten an informéiert iwwer d’Contraceptioun. Dat kann een och scho selwer maachen um Internetsite: mengverhuetung.lu.
De Planning reklaméiert och weider, datt een net an d’Schoulen däerf. An d’Klassen, an de Cycle 4 an d’Grondschoul, ouni datt den Enseignant vun der Klass am Sall ass. Sou kéinten d’Schüler méi fräi schwätzen.
D’Contraceptioun ass eng wichteg Aktivitéit a mécht iwwer 14% vun de Consultatiounen aus. Den Equivalent vun 3.100 Frae krut e Verhütungsmëttel. Et goufen och iwwer 22.500 Kondomer verdeelt.
Den IVG, e Schwangerschaftsofbroch, ass eng marginal Aktivitéit vum Planning Familial. Et gi keng Zuelen hei zu Lëtzebuerg, ausser déi vum Planning. Zanter 2009 huet de Planning 4.755 IVGe mat Medikamenter gemaach, 482 waren et zejoert. D’Frae waren tëscht 13 a 49 Joer al.
90 Persounen hu sech d’lescht Joer beim Planning gemellt wéinst sexuellem Mëssbrauch, 85 ware Fraen oder Meedercher. Nëmme 14% hunn eng Plainte gemaach.
Déi meescht (iwwer 86%) fänken eréischt mat enger Therapie un, wa se méi al si wéi 18 Joer. Mä 50% vun den Affer goufen awer scho mëssbraucht éier se 10 Joer al waren, bal 99% hate manner wéi 18 Joer. Dowéinst wier den Delai vun 10 Joer, déi een Zäit huet, fir viru Geriicht ze goen, vill ze vill kuerz, beklot sech de Planning Familial. An Europa an an den USA ginn et Gesetzgebungen, déi d’Rechter vun den Affer besser schützen.