
De Mindestloun ze hiewen, wier eng moralesch Obligatioun, awer och eng ekonomesch. Dat war de Message vun déi Lénk e Donneschdeg de Moie virun der Press. D’Oppositiounspartei bedauert, datt d’Regierung de Mindestloun net substantiell erhéicht a schätzt dëst och als kuerzsiichteg an.
De Marc Spautz wier deen neie Georges Mischo, esou d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma. Entgéint deem wat de CSV-Aarbechtsminister selwer ugedeit hätt, wéi hie Minister ginn ass, géing hien d’Politik vun der Regierung weiderféiere wéi virdrun.
“Se mécht e Klientelismus fir e Patronat, dat eigentlech ëmmer kräischt, dass et e Mangel um Main d’oeuvre hätt, eng Main d’oeuvre, déi se awer net wëll bezuelen.”
Fir déi Lénk ass et inakzeptabel, datt Leit an Aarmut liewen, obwuel se schaffe ginn. Ma Lëtzebuerg wier och wirtschaftlech dorop ugewisen, dass Leit heihinner schaffe kommen - d’Fro vum Mindestloun wier also och eng vu Kompetitivitéit. D’Argumentatioun, datt d’Betriber sech eng konsequent Hausse vum Mindestloun net leeschte kéinten, léisst d’Partei net gëllen. De Bau, de Botzsecteur, de Commerce an den Horeca - Secteuren, an deenen de Mindestloun bezuelt gëtt - kéinten net geoutsourced ginn. Et géingen hei och Chaînë mat groussem Benefice ginn. Fir d’Problemer vu klenge Betriber gesäit den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum aner Léisungen:
“Wann ee sech do dann awer och d’Vertrieder vum HoReCa ulauschtert, da stellt ee fest, datt awer ee vun hire gréisste Problemer an der leschter Zäit d’Loyerspräisser sinn, dat heescht, d’Präisser, déi si bezuelen, déi d’Leit bezuele mussen, déi e Geschäftslokal lounen. Wann een hinnen hëllefe wëll, da bräichte mer zum Beispill och en Deckel op Loyere vu Geschäftslokaler an dat géif dem HoReCa méi hëllefe wéi duerch allgemeng ze niddreg Léin hire potenzielle Clienten d’Kafkraaft ewechzehuelen.”
Fir déi Lénk ass et och keng gutt Léisung, fir amplaz vun enger Hausse vum Mindestloun op Sozialhëllefen ze setzen – déi géingen de Frontaliere guer net ze gutt kommen an et kéint och net sinn, dass ëmmer méi Leit mussen duerch ëffentlech Suen ënnerstëtzt ginn obwuel si schaffen.
Kritik gouf et och vun déi Lénk un der LSAP an déi Gréng – et géing ee begréissen, datt déi zwou aner Oppositiounsparteien elo och e méi héije Mindestloun géinge fuerderen. Et géing een awer bedaueren, datt béid Parteie sech dogéint gewiert hätten, wéi si selwer an der Verantwortung waren, mat deels deene selwechten Argumenter wéi d’CSV haut.