25 Joer Télévie-FuerschungMéi Fäll vu Kriibs, awer manner Doudeger

Sibila Lind
Zanter 2001 huet den Télévie iwwer 32,4 Milliounen Euro fir d’Kriibsfuerschung gesammelt. Kriibs ass nach ëmmer d’Haaptursaach vum Doud zu Lëtzebuerg, mat ronn 1.000 Doudeger d’Joer. Mä déi rezent Zuele maachen Hoffnung.
25 Joer Télévie-Fuerschung
Méi Fäll vu Kriibs, war manner Doudeger

All Joer ginn zu Lëtzebuerg ongeféier 3.000 nei Kriibsfäll diagnostizéiert. Experten no kéint dës Zuel an den nächsten 20 Joer ëm méi wéi d’Hallschent nach eng Kéier eropgoen. Trotzdeem ginn et positiv Tendenzen: D’Doudesfäll duerch Kriibs ginn zanter Joren zeréck.

Dës Entwécklung ass dem Fortschrëtt an der Fuerschung ze verdanken, wou duerch zäitopwänneg Etüden an nei Erkenntnisser ëmmer méi geziilt a manner invasiv behandelt ka ginn.
Den Dr. Guy Berchem, dee vun Ufank u beim Télévie engagéiert ass, betount, datt een an de leschte Jore vill nei Medikamenter entwéckele konnt. An de leschten zwee Joerzéngten huet een awer dofir emol misse verstoen, wéi de Kriibs funktionéiert. Och wann een “déi ultimativ Heelung” nach net entwéckelt huet, huet een elo awer “eng vill besser Chance”.

Duerch d’Fuerschung konnt ee Moleküllen entwéckelen, déi de Wuesstem vum Kriibs blockéiere kënnen an d’Chemotherapie gouf méi effektiv a manner aggressiv fir d’Gesondheet. Och an der Immuntherapie gouf et grouss Fortschrëtter, well amplaz de Kriibs elo direkt unzegräifen, gëtt elo den Immunsystem stimuléiert, “fir en ze bekämpfen”, esou den Dokter.

Immuntherapie: effektiv mat manner Niewewierkungen

Fortschrëtter an der Behandlung verbesseren net nëmmen d’Iwwerliewensquoten, mä och d’Liewensqualitéit vun de Patienten. Dëst gëllt besonnesch fir d’Immuntherapie, déi manner Niewewierkungen huet wéi Radiotherapie a Chemotherapie.

Amplaz Kriibszellen ze zerstéieren - an dacks och gesond Zellen - funktionéiert d’Immuntherapie, andeems se den Immunsystem stäerkt, sou datt se de Kriibs selwer usprieche kann. Si ass awer net fir jiddereen effektiv, well net am direkten Ëmfeld vun all Tumor Immunzelle sinn.

“E puer Tumor-Mikroëmfelder enthale keng Immunzellen, sou datt se net aktivéiert kënne ginn”, erkläert den Dr. Bassam Janji, e Fuerscher um Luxembourg Institute of Health (LIH) zënter méi wéi 20 Joer. “Eis Fuerschung konzentréiert sech drop, Immunzellen an den Tumor-Mikroëmfeld ze bréngen an dann den Immunsystem ze stäerken, sou datt dës Zellen de Kriibs eliminéiere kënnen.”

Kombinéiert Approchen a personaliséiert Behandlungen

E puer Kriibsaarte si mat der Zäit méi einfach ze behandele ginn, wéi zum Beispill Hodekriibs, Schilddrüsekriibs a den Hodgkin-Lymphom. Awer aner hunn, trotz Jore vun der Fuerschung, nach ëmmer keng effektiv Behandlung. Dëst ass de Fall fir Glioblastom, déi aggressiivst Form vu Gehirkriibs, déi zënter méi wéi engem Joerzéngt vun der Dr. Sabrina Fritah ënnersicht gëtt. Si probéiert mat hirer Fuerschung erauszefannen, wéi verschidde Kriibszellen d’Behandlung iwwerstinn respektiv esouguer der Behandlung entkommen. An och, wéi eng Ännerungen an dësen Zellen optrieden a wéi eng Mechanismen dës Zellen entwéckelen.

Soubal d’Fuerscher dës Ännerungen identifizéiert hunn, kënne si Weeër entwéckelen, fir se ze blockéieren, sou datt d’Tumore méi empfindlech op d’Behandlung reagéieren. “D’Zil ass et, nei therapeutesch Kombinatiounen z’entwéckelen, déi net nëmmen den Tumor, mä och dës Plastizitéitsmechanismen ofzielen, sou datt d’Behandlunge méi effektiv sinn“, seet d’Dr. Fritah. Behandlunge sinn net méi just eng universell Léisung, mä si ginn ëmmer méi personaliséiert. “Eng Behandlung, fir ee Patient, zu engem spezifesche Moment. Dorobber schaffen d’Fuerscher“.

Haut – an nach méi an Zukunft – ginn d’Patienten an hir Tumoren individuell analyséiert, sou datt d’Doktere verschidden Therapië kombinéiere kënnen, déi op all Fall zougeschnidde sinn.

Méi Kriibsfäll, awer manner Doudesfäll

Dem European Cancer Information System (ECIS) no gëtt erwaart, datt d’Zuel vun de Kriibsfäll zu Lëtzebuerg tëscht 2022 an 2040 ëm 57 Prozent eropgeet. Eng Saach ass awer kloer: manner Leit stierwen un der Krankheet.

Zënter 1998 sinn d’Doudesfäll duerch Kriibs zu Lëtzebuerg am Duerchschnëtt ëm 2,1 Prozent pro Joer bei alle Kriibsaarten zesummen erofgaangen. D’Fuerschung geet séier virun an et gëtt erwaart, datt se wéinst neien Technologien, déi komplex Donnéeën a Berechnunge veraarbechte kënnen, nach méi séier wäert virukommen. Méi Leit liewen elo méi laang no enger Kriibsdiagnos a vill vun hinne gi mat Succès behandelt, well de Kriibs méi fréi detektéiert gëtt a well d’Therapien däitlech besser gi sinn.

Hannert dëser verlängerter Liewensdauer leien awer Joerzéngten u Fuerschung. Wichteg bleiwen dofir awer weider Investitiounen duerch Initiative wéi den Télévie, déi weiderhin essenziell sinn, fir de Fortschrëtt an der Kriibsfuerschung weiderzeféieren.

Back to Top
CIM LOGO