Viru kuerzem gouf d'Air Rescue mat enger neier Isolatiounsbrëtsch a sengem Helikopter, grad wéi enger neier Isoléierkummer am Fliger equipéiert.

Domadder soll an Zukunft virun allem den Equipage an zukünfteg Patiente virum Coronavirus besser protegéiert, grad ewéi d'Maschinnen nees méi séier startkloer gemaach ginn.

Mat där moderner Isolatiounsbrëtsch, och Epi-Shuttle genannt, kann d'Air Rescue Corona-Patienten ouni Gefore mam Helikopter transportéieren. De Patient läit deemno ënnert enger duerchsiichteger Ofdeckung a kann iwwer Zougäng zum Beispill un eng Beootmungsmaschinn ugeschloss ginn. Entwéckelt gouf den Epi-Shuttle vun norwegeschen Doktere virun 3 Joer.

D'Isolatiounsbrëtsch huet ronn 60.000 Euro kascht. Donieft huet d'Air Rescue eng nei Isolatiounskummer a sengem Fliger. Domadder soll eeben ee Patient trotz enger héichinfektiéiser Krankheet sécher transportéiert kënne ginn.

Wärend der Kris hat d'Air Rescue eng 50 Covid-19-Patienten transportéiert. Ënnert anerem goufe Mënschen aus der franséischer Regioun Grand-Est, déi schwéier duerch den Corona-Virus betraff war, op Lëtzebuerg ausgeflunn a rapatriéiert. D'Air Rescue hätt sech awer gewënscht, datt d'Regierung se besser ënnerstëtzt hätt.

D'Zuel vun den Helikopter-Asätz ass aktuell dann och méi héich ewéi soss. D'Rapatriements-Aktivitéite sinn iwwerdeems drastesch erofgaangen, well eebe manner Touristen am Ausland sinn.