Affer schwéier blesséiertD'Police mécht en Zeienopruff no Kläpperei an der Stad

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg koum et am Park "Dräi Eechelen" an der Stad zu enger Kläpperei.
© Wikipedia Commons

Zwou Persoune goufe vun direkt e puer Täter attackéiert, woubäi eent vun den Affer liicht, dat anert Affer allerdéngs uerg blesséiert goufen.

Well sech zu dësem Zäitpunkt e puer Persounen am Park opgehalen hunn, ass dovunner auszegoen, dass eng Partie Leit d’Attack kéinte gesinn hunn.

An deem Zesummenhang freet d’Police no Zeien, déi eventuell de Virfall gesinn hunn. Melle solle sech d’Leit um 244401000 oder per Mail (Police.LUXEMBOURG@police.etat.lu)

Back to Top
CIM LOGO