An de leschten Deeg gouf et heiheem nees méi Covid-Nei-Infektiounen. Trotzdeem wier et nach ze fréi, fir nei Mesuren ze huelen, esou de Premier Bettel. Et soll een ofwaarden, wéi d’Zuele sech entwéckelen. Dat gesäit een an den nächsten Deeg. Et bleift bis op Weideres wichteg, sech un d’Gestes barrières ze hale mam Undoe vun de Masken an dem Respekt vun den Distanzen.
Derbäi kënnt een neit a méi strengt Covid-Gesetz, dat en Donneschdeg gestëmmt gëtt.
Iwwerdeems géif een d’Evolutioun an den nächsten Deeg no suivéieren a wann néideg e Sonndeg weider Restriktioune proposéieren. Et wier den Ament nach schwéier ze soen, op ee kéint vun enger 2. Well schwätzen, sot d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.
“Et ass kloer, dat mer am Gaange sinn erop ze goen, op dat elo eng kleng, eng grouss gëtt, dat wësse mer nach net, dat weess een eréischt wa se ufänkt e Bockel ze kréien, da kann een dovunner schwätzen, op dat eng Mini kleng Wellche war, oder op et méi eng grouss Well war, mee dat weess een net am Viraus.”
Ma d’Situatioun wier alles anescht wéi berouegend an d’Cellule de crise vun der Santé gouf och nees aktivéiert, d’Zesummesetzung soll muer public ginn.
Fir de Rescht hunn de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert déi aktuell breetgefächert Test-Strategie verdeedegt, mat do och dem Abezéie vun de Frontalieren.
Et géif een och net midd ginn, d’Ausland iwwer eist spezifescht Testen ze informéieren. Manner teste wier sécher keng Optioun. Et wëll ee sech awer wieren a just nach d’Zuel vun nei-infizéierte Residenten no bausse matdeelen.
Wat d’Reesrestriktioune fir d’Lëtzebuerger ugeet, géife sämtlech Ministere sech beméien, fir hiren Homologen déi Lëtzebuerger Zuelen z’explizéieren. Iwwerdeems géif de Premierminister Xavier Bettel de Sujet och dës Woch am EU-Conseil abordéieren an et géif een an Zukunft nëmmen nach d’Infektiounszuele vun de Residenten, net méi vun de Frontalieren, op Bréissel schécken.
“An dëser Situatioun, déi mer hei hunn, fir de Kolleegen och ze soen, dass déi Solidarité européenne, an awer och, dat wat d’Kommissioun gefrot huet, dass ee vill soll testen, awer net kann duerno e Land bestrofen, dat dat och mécht.”
Et sollt een allerdéngs op kee Fall bei den Dokter goen, wann ee keng Symptomer hätt, fir sech en Test verschreiwen ze loossen, fir ze reesen.
“De Moie si wierklech ganz alarmant Uriff komm, esou wuel vun de Laboen, wéi och vun eisen Dokteschpraxen, fir ze soen, ëm Gottes Wëllen, mir ginn elo hei iwwerlaf a mir musse prioritär un deene Leit schaffen, déi déi Symptomer hunn, déi krank sinn, déi dat brauchen. Wa mer elo dat ze vill duercherneebréngen, an dat selwecht ass och an den Urgencen, also dofir ganz ganz groussen Appell vu mir, gitt wannechgelift net an d’Urgencen, déi sinn net dofir do, wann ee sech elo einfach wëll präventiv elo teste loossen. Wann der dee geréngste Symptom hutt, wann der mengt, Dir wiert krank, rufft Ären Dokter un, an da wäert hie mat Iech ofweien, ob dat Sënn mécht, eng Ordonnance ze gi fir en Test. Wann der invitéiert gitt, gitt.”
Et géif ee kucken, eng 2. Prioritéit bei den Tester fir Leit ze schafen, déi schonn eng Reservatioun hunn, wann d’Kapazitéiten et erlaben.
Zu den Neiinfektiounen d’lescht Woch goufen et e puer Prezisiounen:
62 Prozent vun de positive Fäll wiere Persoune mat Symptomer. 41% Prozent wieren ewell an enger präventiver Quarantän gewiescht, wéi si positiv getest goufen. D’Altersmoyenne léich bei 35 Joer an déi positiv geteste Persounen hätten immens vill Kontakter gehat, am ganzen hätten iwwer 2.000 Persoune misse kontaktéiert ginn. Prezisiounen iwwert d’Profiller vun de Persounen, déi rezent hospitaliséiert goufen, goufen et keng.
Iwwerdeems war et nach d’Prezisioun, datt et d’lescht Woch 7 nei Fäll an Altersheemer goufen.