"Acteur de ma santé" heescht déi nei Internet-Plattform vun den Hôpitaux Robert Schuman, op där jiddereen Informatiounen iwwer Gesondheetssujete fënnt.

Acteur de ma santé / Reportage Loïc Juchem

Mat Texter, Fotoen, Videoen, a klenge Quizzen iwwer Sujeten aus der Gesondheet an dem Gesondheetssecteur kann ee sech elo um Site www.acteurdemasante.lu informéieren. Et si virop praktesch Informatiounen iwwer d'Preventioun, Krankheeten a medezinesch Agrëffer, dat a verschidde Rubricken: de Coronavirus, d'Schwangerschaft, d'Gesondheet vun der Fra, de Broschtkriibs, d'Psychiatrie, d'Orthopedie, d'Gesondheet vun eelere Leit, Nierekrankheeten a Rheumatologie. Aner Theme sinn scho geplangt.

Fir d'Plattform op d'Been ze stellen, huet ee Grupp vu Professionellen aus dem Gesondheetssecteur sech op Froe baséiert, déi sech hir Patienten dacks iwwer hir Gesondheet stellen. Temoignage vu Patiente sinn do wichteg. Et geet drëms, d'Bierger besser iwwer hir Gesondheet ze informéieren an esou direkt op méiglech Froen oder Bedenken ze äntweren.

Iwwert 1 Joer huet et gedauert, bis een de Site stoen hat, an et ass een nach net fäerdeg. Wann alles gutt geet, da gëtt et de ganze Contenu schonn an engem Mount op Däitsch a spéider ginn dann och déi eng oder aner Artikelen op Englesch geschriwwen. De Site erënnert een u Gesondheetszeitungen, déi et um Internet an och als Print gëtt, mam groussen Ënnerscheed, datt de Contenu vu Lëtzebuerger Dokteren, mat Hëllef vu Soignanten an och Patiente geschriwwe gouf.

D'Responsabel ënnersträichen, datt dës Informatiounsquell natierlech keng medezinesch Consultatioun ersetze géif. D'Plattform wier do, fir de Patient nieft de Consultatiounen ze ënnerstëtzen.

Dëst ass eng Kollaboratioun mat RTL. Dir fannt all d'Detailer och op RTL.lu a bei eise Kolleege vu 5minutes.