Elo widderhëlt sech déi Situatioun. De Robert-Koch-Institut huet Lëtzebuerg op en neits als Risikogebitt agestuuft. Ongerecht, sou och d’Reaktioun op däitscher Säit vu Musel a Sauer. Politiker aus der Regioun probéieren, zu Berlin Iwwerzeegungsaarbecht ze maachen. Bis elo ouni Erfolleg.
“Mir hunn natierlech Deputéiert aus der Regioun, déi eis zu Berlin vertrieden. An hautdesdaags ass et och kee Problem, de Robert-Koch-Institut respektiv den Aussen- oder de Gesondheetsministère iwwer E-Mail un ze schreiwen. De Robert-Koch-Institut huet och geäntwert. Awer wei ëmmer. Et hätt ee vill Fäll z’analyséieren. Wien ännert scho gär seng Meenung.”, esou den Dr. Joachim Streit, Landrat vum Eifelkreis Bitburg Prüm.
De Joachim Streit ass nieft dem Dr. Detlef Müller-Greis vun der Verbandsgemeindeverwaltung Konz ee vun deene Politiker, déi d’Decisioun vu Berlin nëmme schwéier novollzéie kënnen. Déi Responsabel vum Robert-Koch-Institut géifen op Basis vu blanken Zuelen entscheeden. Ouni Gefiller. Ouni lokal Ëmstänn ze betruechten. Dat géif fir Frust an Onsécherheet suergen. Pendler géife sech grouss Suerge maachen. D’Missioun vun de lokale Politiker wier den Ament déi, z’erklären, ze berouegen.
All Dag fueren eng 30.000 Leit aus der Regioun iwwert d’Grenz op Lëtzebuerg schaffen. Eng 1.000 Lëtzebuerger wunnen op däitscher Säit, sou de Landrat vum Eifelkreis Bitburg Prüm.
Wieren déi finanziell Konsequenze fir d’Entente Touristique de la Moselle net sou eescht, da kéint ee scho bal driwwer schmunzelen: grad dat Schëff, op deem viru 35 Joer den Accord vu Schengen ënnerschreiwe gouf, fiert bis op Weideres net méi iwwert d’Grenz op Tréier, respektiv Bernkastel. D’Woch iwwer bleift d’Marie-Astrid den Ament ganz um Quai zu Maacher.
“Mir hunn elo iwwer déi lescht Woch 6.500 Ofmeldunge krut.”, esou de Léon Gloden, President vun der Entente touristique de la Moselle. Deen drun erënnert, datt een ëm des Joreszäit vill mat belschen an hollännesche Busfirmaen zesummeschafft.
Fir déi aktuell Perten opzefänken, wäert dëst Joer d’Marie-Astrid d’Saison bis Dezember verlängeren.

