Iran a persesche GolfIranesch Loftofwier huet zwee US-Kampfjetten ofgeschoss.

RTL Lëtzebuerg
No engem Offizéier gëtt ëmmer nach gesicht, hie gëllt als vermësst.
© AFP/Archiv

Déi iranesch Loftofwier huet zwee US-Kampfjetten ofgeschoss. Een iwwert iraneschem Buedem an een iwwert dem persesche Golf, net wäit fort vun der Strooss vun Hormus ewech.

Béid Pilote wiere vun US-Spezialeenheete gerett ginn, heescht et vun US-Medien. Allerdéngs war an der Maschinn, déi iwwert dem Iran erofgefall ass, och en Offizéier mat dobäi, deen nach als vermësst gëllt.

Den Iran huet eng Primm annoncéiert an och d’Populatioun opgeruff nom Mann ze sichen.

An engem Interview mam Fernsehsender NBC News sot den US-President Donald Trump, dat wat geschitt ass, géing d’Negociatiounen net affektéieren. Den Iran allerdéngs dementéiert jo, dass Verhandlungen iwwerhaapt am Gaange wieren.

Back to Top
CIM LOGO